Diskussioun:Entrange

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hu grad näischt fir nozekucken, mee 1811 war dach Lëtzebuerg Département des Forêts, an d'Kléischter grad e puer Joer virdrun opgeléist ginn. Wéi kann do eng Uertschaft vun der Mënsterabtei ofhänken?

Méi allgemeng eng Propos un all: W.egl. dru winnen, bei neien Artikelen oder faktuelle Präzisiounen d'Quellen an der Commentaireskëscht unzeginn (wann et net allgemeng Bekanntes ass) - dat hëlleft deenen Aneren beim Nokucken, wann emol eppes net kloer ass. (vum Zinneke)

Fichier:Entrange Ausrëss Brochure.jpg
Brochure (Ausrëss)

Aus dem "Info guide" 2. Oplo déi d'Gemeng Entrange erausginn huet. Mat de Quellen hues de "guer net sou Onrecht", mee: Wann ech nieft mengem Deplacement op Entrange, dem Openthalt op der Gemeng, der Sich no dem Lokalhistoriker (dee leider net doheem war, a vun deem et op der Gemeng keng Telefonsnummer a scho guer keng "Courriel"-Adress gouf), dem Knipsen, an dem Gespréich mat eelere Leit, fir gewuer ze ginn, wéi de lëtz. Numm vum Duerf ass (wann et ee sollt ginn), nach am Lefort sengem "Histoire du département des forêts" muss noschloen, an niewebäi engem Klameraf muss erklären, datt mer déi al lëtzebuergesch Uertschaftsnimm net ënner de Fangerneel erauskrazen, da gëtt et mer "e bësse vill", wann ech heiansdo hei gesinn, wéi den Ouereschmalz mam Schrauwenzéier erausgekraazt gëtt. Dat zu deem. Mee, mat de Quellen hues de "guer net sou Onrecht". --Cornischong 10:32, 12 Januar 2007 (UTC)