Diskussioun:Ermesinde vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat ass d'Quell/den Auteur vun deem Text, deen a Kursiv ënnen zitéiert gëtt? --Zinneke 00:12, 4 Februar 2006 (UTC)

  • Ech hun nach méi Donneen zum Ermesinde ... mais ech wollt wirlech net alle heihinner setzen, well et soss dann awer zevill gett. Den Text ass eng méi oder wéineger wuertwirklech Iwwersetzung vun deem waaten d'Archeologen Philippe Mignot an Agnès Malvez de 14. September zu Clairefontaine gesoot hun. Den Text hun ech vun engem Lokalhistoriker (Jean-Pierre Mandy) deen deemols derbäi war (an deen en 450 säitegt deckt Buch iwwert d'Geschicht vum Areler Land geschriwwen huet). --Pasbal 09:40, 4 Februar 2006 (UTC)

"Déi lescht anthropologesch Analys ...": No deeër Ausso gouf et scho mindestens eng virdrun. A firwat gouf et méi wéi eng? Wien huet se gemaach a wien huet se maache gelooss (a bezuelt). --Cornischong 00:21, 4 Februar 2006 (UTC)

  • Déi selwecht Remarque wéi vir den Zinneke: ech wees vun zwou Analysesn, wouvun déi éischt zu Louvain op der Uni gemeet gin ass. Ech wees awer net genau weini, et schéngt awer, wei wann zu deer Zäit d'Uni nach zu Leuven an net zu Louvain-la-Neuve war, sou dass et schons zimmlech laang hier muss sin. Wann een sech d'Resultater vun deer Analys ukuckt, sin déi och relativ primitiv, an dovir huelen ech un, dass des Analys kuerz no 1875 duerchgefouert gin ass. D'Resultat grosso Modo war: et war eng Fra, se haat ee gudd Gebëss an hier Schanken sin no hierem Doud abalsaméiert gin. --Pasbal 09:40, 4 Februar 2006 (UTC)
  • "net alle heihinner setzen, well et soss dann awer zevill gett ...": Fir déi vill "net genuch" wier dat do awer e gudden Ausgläich. Bis elo hate mer nach net vill Artikelen, déi ze grouss wieren :-)). --Cornischong 10:18, 4 Februar 2006 (UTC)

"D'Legend seet, ...." : Dat ass flott. A watfir eng Legend war dat? A wou ass se ze fannen? --Cornischong 12:57, 25. Abr 2008 (UTC)