Diskussioun:Eescheler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"D'Awunner nennen hir Uertschaft "Eechler".": Zwou Persounen, déi allebéid iwwer 40 Joer an der Uertschaft wunnen, hu mer "Eechler" onofhängeg vunneneen däitlech gesot, a mer dat no Nokropen e puer Mol kloer confirméiert. Jo, am Telefonsbuch steet "Eeschweller" an um Uertschaftsschëld "Eeschwëller". An de Josy Braun huet "Eeschweller" a sengem Bichi. --Cornischong 20:39, 12. Mäe 2008 (UTC)


... an da gëtt et nach de Lemma Eschweiler (Wolz) ënnert deem "Eeschwëller fir d'Awunner" ze liesen ass.--Fliedermaus 07:54, 13. Mäe 2008 (UTC)
Jo, jo. Dat ass scho vill méi eng "lusch". Do hat den Zinneke geschriwwen, dat d'Awunner et "Eechwëller" nennen, an de Pear huet et nodréiglech g'ännert op "Eeschwëller". Et seet kee vu béid eis, watfir "Feldstudien" hien organiséiert hat. Dat mat de Behaaptungen misste mer eis sou lues ofgewinnen. De Pear huet esou laang hei eppes behaapt (et goung ëm déi "lëtzebuergesch" Nimm fir déi däitsch Uertschaften no bei der Grenz), bis datt ech no "enger Quell" gefrot hunn, doropshin ass en iwwer d'Dictionnaireskommissioun hiergefall an en huet hei d'Dier gejummt. Wann d'Wieder besser gëtt, fanne mer dat bei Woolz och nach eraus. --Cornischong 08:33, 13. Mäe 2008 (UTC)