Diskussioun:Fändel vum Kamerun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Green stands for hope and the southern forests, red for unity (and the star as well is the star of unity) 15:47, 13. Jan. 2015‎ Benotzer:80.200.222.131

Déi offiziell Säit gëtt déi rout Faarf als Symbol fir Blutt un. Vläit gouf der Faarf mat de Verfassungsännerunge eng nei Symbolik zougedréit? An de panafrikanische Faarwe steet rout och fir d'Blutt, dat fir d'Heemechtsland vergoss gouf.--Bdx (Diskussioun) 16:27, 14. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Wou kann een déi offiziell Säit fannen. Dat misst jo de Gesetzestext sinn, oder hunn ech do falsch, oder eng Säit vum Staatsministère. Déi Informatioun vun der Ambassade schéngt mer iwwerpatriotiséiert ze sinn, an dofir mengen ech misst een och an der Beschreiwung fir neutral ze bleiwen déi aner Ausleeungen unginn. --80.200.222.131 16:36, 14. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
D'Faarwe vum Fändel sinn d'Faarwe vum Panafrikanismus. Wann ech dann dat hei kucken da stëmmt iergendwou eppes net. --80.200.222.131 16:58, 14. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Online ginn et keng gutt Referenzen, déi d'Bedeitung erklären. Ech verstinn net, wats de mat "iwwerpatriotiséiert" um Site vun der Ambassade mengs? Ech hunn eng Referenz dobäi gesat, déi ech op Pabeier hunn, well ech online keng besser fanne kann. Am Nationalmusée vum Kamerun zu Yaoundé gëtt iwwregens et och e Sall, deen dem Fändel gewidmet ass, an deen déi selwecht Erklärung fir d'Faarf rout gëtt.

Do ass och näischt wat nët stëmmt mat de Faarwe vum Panafrikanismus. Dee Fändel, deens du do weis ass dee vum amerikaneschen Universal Negro Improvement Association and African Communities League aus den 1920er Joren. Du muss den Artikel Pan-African colours oder Panafrikanische Farben liesen.--Bdx (Diskussioun) 10:11, 15. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Léiwen 80.200.222.131, och wann de Kamerun offiziell ni de Statut vun enger Kolonie hat, ass et ubruecht an och an der Geschichtsschreiwung net onüblech, vun Dekolonisatioun ze schwätzen. Ënner anerem well Mandatsstatuten et der Varwaltungsmuecht erlaabt hunn, de Mandatsterritoire als "partie intégrante" vun hirem Territoire ze verwalten, a Frankräich zum Beispill dat voll ausgenotzt huet an alles gemaach huet, fir d'Autonomie oder d'Onofhängegkeet (déi an deene selwechte Statuten virgesi war) ne ze accordéieren. Dat ass net nëmmen fir de Kamerun de Fall, mee och fir den Togo zB an aner Mandatsgebitter. Dozou ginn et och eng ganz Rei akadeemesch Wierker, déi deen Ausdrock benotzen. Méi einfach: kuck den Artikel Decolonization.
Ech hunn deng Referenz "Verschidden Internetsäiten, ënner anerem Wikipedia a verschiddene Sproochen, woubäi se sech net all eens sinn" erausgeholl, well een déi Internetsäiten da soll uginn, a Wikipedia u sech keng gutt Quell ass well déi Saachen, déi do stinn, duerch extern Quelle beluecht solle sinn. Och "Ultimate pocket Flags of the World" gouf geläscht, wells du déi einfach vun crwflags kopéiert hues. Do steet awer och: "The difference being that [zna99] is a basically good work with a big number of mistakes, while DK’s Pocket Book should be subtitled An Expert’s Handbook to Flag Urban Legends or somesuch…" Et stinn awer nach zwou aner Referenzen dofir do, also ass et ok.--Bdx (Diskussioun) 08:38, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Kee Problem, lo feelt nach just de Beleg fir déi offiziell Versioun. Deen hunn ech trotz laangem Sichen, néirens fonnt. Et schéngt och keng ze ginn well all déi Interpretatioune sinn enstanen wéi d'Land de Fändel schonn hat an et keen Argument ass firwat datt rout am Fändel ass, an et am Prinzip geknäipt Faarwe vun engem Fändel oder Wope sinn déi et scho laang virdru gouf. Et gëtt doriwwer bei op d'mannst enger Beschreiwung vun de panafrikanesche Faarwen och nach d'Interpretatioun datt rout géif d'Blutt duerststellen dat déi schawarz d'Vëlker géif verbannen. Verschidde Wikie leeë sech guer net met deenen Interpretatiounen un an hunn och dann ni e Konflikt. --80.200.222.131 09:00, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Mee ech hunn dach schonn eng Quell fir déi offiziell Versioun do hi gesat (?) Déi Referenz ass eng offiziell Publikatioun vum Staat; a wéi gesot, den Nationalmusée gëtt déi selwecht Symbolik fir déi rout Faarf (Blutt).

Déi Interpretatioune sinn net eréischt entstanen, wéi d'Land de Fändel schonn hat. De Fändel gouf ugeholl, well déi Faarwe fir eppes bestëmmtes gestanen hunn. Mee wéi gesot ass et net onwahrscheinlech, datt déi offiziell Säit d'Symbolik vun de Faarwen ëmgeännert huet. Zum Beispill war de Kamerun am Ufank eng federal Republik mat zwou Entitéën, déi no 1972 ënner der autoritärer Féierung vum President Ahidjo zu enger Eenheetsrepublik zesumme gefouert goufen. Ënner dem Ahidjo, deen nëmmen mat franséischer Ënnerstëtzung un d'Muecht komm ass, gouf d'Rebellepartei UPC och nach no der offizieller Onofhängegkeet bekämpft an (wéi d'Fransousen et gären haten) als Terrorbeweegung bezeechent. Eréischt vill méi spéit gouf d'UPC an hire Kampf fir eng fair a richteg Onofhängegkeet rehabilitéiert. Er ass schwiereg sech virzestellen, datt d'Regierung ënner dem Ahidjo déi rout Faarf als "Blutt, dat am Kampf fir d'Onofhängegkeet gefloss ass" gedeit huet, well et hir no guer kee Kampf fir d'Onofhängegkeet gouf. Hir Opfaassung war, datt Onofhängegkeet d'Resultat vu Verhandlungen tëscht Frankräich an dem kamerunesche Parlamenter war. Wéi souvill an der kamerunescher Geschicht ass et méiglech, datt do d'Symbolik einfach nees ëmgedeit gouf, nodeems de Paul Biya President ginn ass. (een anert Beispill ass de Generalsekretär vun der UPC, Ruben Um Nyobè, deen 1958 vun de Fransousen ëmbruecht ginn ass; ënner dem Ahidjo war all Kult oder Hommage un hie verbuede, mee 1991 gouf hien dunn awer erëm zum Nationalheld proklaméiert).

Dat do sinn natierlech pur Spekulatiounen, déi een net an den Artikel setze kann, mee ech wäert an den nächste Wochen Zougank zu méi akadeemesche Quellen hunn, a probéieren eng Source ze fannen, déi iwwer d'Symbolik vun de Faarwen 1957 schwätzt.--Bdx (Diskussioun) 14:07, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Ech hunn nach eng Ausleeung fonnt:Le Rouge représente le sang versé par les martyrs, les terres fertiles des plateaux de l'Ouest, c'est aussi le trait d'union entre la forêt dense du Sud et la savane du Nord an ech huelen un datt et der nach gëtt. Dat eenzegt wat wierklech eppes géif brengen dat wier wann am Gesetz iwwer d'Adoptioun vum Fändel eppes géif stoen, mä dat wäert schwéier opzedreiwe sinn.
Ps: D'Referenz iwwer 50 Joer Onofhängegkeet hat ech leider iwwersinn --87.67.238.18 17:49, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Kanns du mir w.e.g. soen, wous du dat Zitat fonnt hues? Merci am Viraus. Et ass effektiv schwéier (mee net onméiglech) esou ee Gesetzestext ze fannen. Ech hunn och an der Constitutioun vun 1961 (déi éischt vun der deemoleger Federatioun), déi hëlleft net weider. Mee gëff mer e bëssen Zäit, ech siche weider.--Bdx (Diskussioun) 17:59, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Hei ass de Link op déi Säit http://mongosukulu.com/index.php/en/contenu/litterature2/education-civique/312-les-symboles-nationaux-du-cameroun

--Les Meloures (Diskussioun) 18:05, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Klengen Tëschebilan: Hu bis elo a 4 renomméierte Wierker iwwer d'Period 1950-1970 an d'Onofhängegkeet vum Kamerun nogesicht, an nach keng bedeitend Info iwwer de Fändel fonnt. Siche weider.--Bdx (Diskussioun) 12:20, 31. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]