Diskussioun:Naturschutzgebitt Cornelysmillen-Schucklai

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"e potentiellt Naturschutzgebitt": Wat ass e potentiellt; ass net alles e potentiellt Naturschutzgebitt? :-) --Cornischong 13:17, 23 Januar 2006 (UTC)

Bei menge Recherchen no engem Klasséierungsdatum sinn ech net fündeg ginn. Et schengt, wéi wann et nach net offiziell klasséiert ass [1], op wuel den Numm Naturschutzgebitt mir schonns begéint ass. Op [2] klasséiere se et als potentiellt Naturschutzgebitt. Sécherlech ass et ee Gebitt vu ganz grousser Bedeitung, där et haut net vill méi ginn, do duerch déi intensiv Landwirtschaft déi meeschte Wisen dreenéiert an drechegeluecht gi sinn. Et ass op alle Fall ee schützenswäert Gebitt just, datt et nach net no engem Règlement grand-ducal klasséiert ass. --Tomateus 15:14, 23 Januar 2006 (UTC)

En Häerz fir déi Domm[Quelltext änneren]

Dat neit "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" ernimmt beim däitsche Begrëff "Storch" ee lëtzebuergescht Wuert: "Storch". Dat "aalt" "Luxemburger Wörterbuch" kennt der véier: den Haaptlemma ass "Storch", da komme Varianten "Storech", "Stueréch" a "Stuerk". Mam Gebrauch vum Stuerk kéinten der awer e puer al geschälleckt gi sinn. Gutt datt déi normal Leit alt de laténgeschen Numm hannendru fannen, soss wéissten déi net ëm wat et hei geet. --Cornischong 18:03, 26 Januar 2006 (UTC)

Ech hunn de lëtzebuergeschen Numm esou iwwerholl, wéi en an der Wiki bei de Vullennimm steet a wéi en am Buch "Die häufigsten Vögel Luxemburgs" steet. Ech hunn awer näischt der géint, fir Storch ze benotzen. --Tomateus 18:42, 26 Januar 2006 (UTC)

Entschëlleg mech, wann et den Uschäi sollt gehat hunn. ech géif um Artikel beckmesseren. --Cornischong 19:03, 26 Januar 2006 (UTC)