Diskussioun:Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Direkter virun 1999 ?[Quelltext änneren]

Virun 1999 schéngt de Filmfong keen eegenen Direkter gehat ze hunn: "In 1999 Fonspa was restructured as an independent entity with its own director, Guy Daleiden."(Quell: Paperjam)--Fliedermaus 08:12, 22. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci fir de Lien. Esou wéi een den Text liest, géif een effektiv soen, datt de Fonds eréischt 1999 "säin eegenen" Direkter krut, also virdru keen hat. Allerdéngs seet d'Gesetz vun 1990:

Art. 6. Le fonds est administré par un comité-directeur composé de 5 membres qui sont nommés et révoqués par le Grand-Duc. [...] Parmi les quatre représentants de l'État, le Gouvernement en conseil désigne, sur proposition du ministre des affaires culturelles, un président qui est nommé et révoqué par le Grand-Duc. [...]

Et gouf also e President vun engem Verwaltungsrot.
Ech géif soen, datt dee Saz aus dem Paperjam sech drop bezitt, datt de Fonds vun 1999 un net méi administrativ un de CNA ugebonne war. Deen Deel ass nämlech aus dem Gestez vun '99 verschwonnen. Ass et méiglech, datt de Jean Back, vun 1989 un Direkter vum CNA, och President vum Fonds bis 1999 war?

--Roude Leiw2001 08:36, 22. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Problem geléist no laanger Sich - et war de Guy Dockendorf.

--Roude Leiw2001 09:36, 22. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]