Diskussioun:Fontainebleau

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Säit sollt geläscht ginn. Si kann nämlech ni eppes ginn, well soubal een ufänkt drunzeschaffen, kënnt een autoproclaméierten "Admi" an administréiert alles futti. D'Wikipedia ass offiziell eng FRÄI Enzyklopedie, mee dat heescht konkret näischt. E puer schwéier Idioten mat lächerlechen Nimm betruechten se als HIR Saach. D R

Dir hutt deen Artikel hei gutt ugefaangen, dofir villmools Merci. Leider ass et dunn doduerch, datt der zwee gläichzäiteg um Artikel geschafft hunn, dozou komm dat dir en Deel vun ärer Aarbecht verluer hutt. Dat ass fir iech natierlech iergerlech, et war awer bestëmmt vu kengem eng béis Absicht a scho guer keng Zensur. Ech mengen dat ass jidderengem, dee reegelméisseg hei schafft, scho geschitt ouni dofir gläich esou en Drama opzeféieren an anerer ze beschëllegen, wéi dir et hei maacht. --MMFE (Diskussioun) 12:30, 5. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech maachen dem D.R. net de Plaiséier, mech op säin argumentativen Niveau erofzeloossen. Just dat hei iwwer de Fonctionnement vu Wiki: Wann een eppes ännert, huet ee keng Méiglechkeet ze gesinn, datt een aneren dat och am Gaang ass. Dofir komme geleeëntlech Versiounskonflikter vir, d.h., engem seng Ännerung ass net méi déi vun der leschter ofgespäicherter Versioun.
De System weist engem dann un, wat anescht ass. Wat kann een da maachen, fir seng Ännerungen trotzdeem anzebauen? Op der Versiounskonfliktsäit steet Ären Text ënnen. Kopéiert en dann einfach uewenhinner a späichert en of. Dono kan een dann d'Ännerungen, déi no engem gemaach gofen, nodréiglech nees deerbäisetzen, mat dem Kommentaire "Am Versiounskonflikt verluergaangen" oder esou. --Zinneke (Diskussioun) 12:39, 5. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Benotz den {{EnCours}|"Setz däin Numm hei ouni Gänseféisercher an"} am Artikel wann s du onbedéngt wëlls datt keen un dengem Artikel während eng Zäitchen ännere kann. Nach eppes wann s du bei eppes "matméchs" da kuck dir mol als alleréischt un, wat erlaabt ass an net erlaabt ass. Wann een un dengem Artikel triwwele geet da sollts du dat als Kompliment huelen, dat heescht däin Artikel ass gutt. --Soued031 (Diskussioun) 13:44, 5. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Fir op d'Substanz vum Artikel zeréckzekommen: Et ass wichteg, d' Stad Fontainebleau (deen hei Artikel) an d'Schlass Fontainebleau auserneenzehalen. Hei geet er ëm d'Stad u sech, d'Geschicht vum Schlass, a ween do an an aus gaangen ass, gehéiert an deen Artikel.--Zinneke (Diskussioun) 12:44, 5. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Et deet mer jo leed, datt do esouvill gesot a geschriwwe gëtt, wéi ee wat soll(t) maachen. Fakt bleift, datt e puer "Admi" et net kënne loossen, fir sech direkt op eng nei Säit ze stiirzen, fir déi z'"iwwerschaffen". Da gëtt hei e Komma geréckelt, an do gi Koordinaten dobäigefléckt... - Haaptsaach, deen an dee ka behaapten, hien hätt esouvill Interventiounen am lb.wikipedia op sengem Konto (eng kanneresch Competitioun, mengt der net?). Déi sougenannt "Konflikter" wiere liicht ze vermeiden : Wann eng nei Säit ugeluecht gëtt, da kann een dovunner ausgoen, datt de Redakter während e puer Deeg selwer ëmmer nees dru piddele geet. Deemno sollten déi aner während 3 oder 4 Deeg nach guer näischt ënnerhuelen. Wier dat net eppes fir an den Deontologiekodex vun de Wikipedianer? Disziplin a Respekt... - ech dreemen dovun! René D.

Ech hunn elo emol d'Encours-Schabloun an den Artikel gesat, dat sollt am Fong hëllefen datt soss keen dru geet esou laang vum éischten Auteur dru geschafft gëtt. Wann deen da fäerdeg ass, sollt en déi Schabloun awer och nees eraus huelen. Bei anonymen Auteuren ass et natierlech e bësschen onkontrolléierbar well een net genee weess wien hannert enger IP-Nummer stécht. An är Theorien iwwer angeblech Competitioune kënnt der roueg vergiessen, dat ass mat Sécherheet net de Fall.--MMFE (Diskussioun) 12:40, 7. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Den Här René D. krut schonn e puemol gesot, dass seng Kompetenz hei gär gesinn ass, ma dass e sech soll e Userkonto uleeën, datt d'"Admi"en, déi anscheinend soss näischt ze dinn hunn, gesinn, datt hannert deen ozielegen IP-Nummeren, déi e benotzt, hie stécht, an jo net woen, "e Komma änneren" ze goen an e gewäerde loossen, bis en decidéiert, et wier alles gesot. An op déi lächerlech Ënnerstellungen ass et mer ze blöd, z'äntweeten. --Zinneke (Diskussioun) 16:13, 7. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]


Déi sougenannt "Konflikter" wiere liicht ze vermeiden : Wann eng nei Säit ugeluecht gëtt, da kann een dovunner ausgoen, datt de Redakter während e puer Deeg selwer ëmmer nees dru piddele geet.
Déi Affirmatioune kenne mer alleguer scho ganz laang hei an déi daache kee Sou. Wann hei een en Artikel uleet da kann ee mat Ausnahm vun de Schreiffeeler, vun engem net wikiméissege Format, a vu schlechte Verlinkunge vu guer näischt anescht ausgoen wéi datt do ze verbesseren ass. Kee Mënsch kann dreemen ob den Auteur säi lescht Ee geluecht huet oder net. Kee wees dann ob nach ee wëllt weider dru piddelen oder net, obschonn dat Wuert piddelen just dacks dat duerstellt wat et ass, nämlech e richtegt Gepiddels. Et ass ganz einfach anere Leit hei Saachen z'ënnerstellen a se als autoproklaméiert dohinnerzestellen wann ee selwer net amstand ass, sech e Benotzernumm zouzeleeën. Et ass dach wierklech net schwéier vun Ufank un d'Schantjesschëld {{EnCours}}iwwer den Artikel ze setzten a sech och eenegermoossen un d'Wikistruktur unzepassen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:11, 7. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Dann nach eppes: Et gëtt guer keng Ursaach fir aner Mataarbechter déi warscheinlech dat honnertfach wann net méi, vun deem wat Dir bis elo bruecht hutt, hei opweises hunn, sief dat am Verbesseren, wéi och am Artikelschreiwen, souwéi beim allgemengen Opbau vun der Wikipedia, als Idioten ze tituléieren. Dat brauch kee Mataarbechter sech hei gefalen ze loossen, och net vun engem dee mengt en hätt d'Gescheitheet mat de Gräpp gefriess. --Les Meloures (Diskussioun) 19:00, 7. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Tjo, lo huet mäi gudde Frënn Les Meloures um Text geschafft, an d'Referenz (Foussnout) steet nun eléng a plakesch do. Merci! René D.

Eventuell emol den Artikel Hëllef:Referenzen liesen, da wësst der wéi een eng Referenz korrekt an den Text setzt an dann trëtt dee Problem do net méi op. --MMFE (Diskussioun) 00:00, 22. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Dee Probleem ass geléist. Mä eise Frënd René D. soll sech mol vläicht iwwerleeën datt net alles wat an de Bichelcher sou doruechter steet sou honnertprozenteg ass. Hie schreift vun anere Linguisten. Dobäi sinn déi Auteuren weder Historiker nach Linguisten a wéi et schéngt gëtt et an hire Bicher och keng Referenz op en Historiker, Linguist oder Toponymist déi den Zesummenhank vum Wuert mat de wëllen Déieren erkläert. Eng Nofro bei e puer Kollegen déi e bësselche méi Latäin wéi ech um Hutt hunn huet och näischt erginn. Wann ee sou Aussoeen iwwerhëlt soll een déi wéinsten nuancéieren an eventuell kommentéieren an net blannemännches ofschreiwen a gleewen. Ech hu mol dat Ganzt ausgeklamert well et souwisou mam Urspronk vum Toponym Fontainebleau näischt ze dinn huet, an an en Artikel iwwer de Bësch gehéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 08:21, 22. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Salut! Ech hu gemengt d'Stad, d'Schlass an de Bësch sollte separat behandelt ginn.

Wat hunn dann déi 2 Aquädukten, am Bësch vu Fontainebleau, mat der Uertschaft ze dinn?

Lektiounen erdeelen a sech selwer un näischt halen...

Châpeau Monsieur Le Mi-lourd!

René D.

Léiwe René D.
Déi zwéin Aqueducen sinn an der Beschreiwung vun der Gemeng wéinstens grad sou wichteg wéi all aner Bauwierker. --Les Meloures (Diskussioun) 08:24, 31. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Tjo, mee 't gëtt der DRÄI ! Wann's eppes kanns... R.D.

Da soll een den drëtten einfach bäisetzen a wa méiglech mat engem Link. Nottabene hunn a sou Fäll näischt do verluer. --Les Meloures (Diskussioun) 12:39, 31. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
N.B.: Et gëtt nach een zweeten Hippodrom zu Fontainebleau.
Wou wier deen dann.? --Les Meloures (Diskussioun) 13:09, 31. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Ma zu Fontainebleau! Dir sitt jo sou gutt... Dir misst deen 2. Hippodrom kënne fannen. Soss setzen ech e bei Geleeënheet dobäi... wann dir brav sitt. Lo hunn ech keng Loscht. Mee deen Hippodrom ass eng Realitéit!

Ech wënschen iech ee ganz schéint neit Joer, mat vill Fläiss, vill Bescheidenheit, manner Besserwisserei, asw. Da bleiw dir gesond a gitt och nach al, an der Wikipedia kann dat jo net wéi dinn.

Léif Gréiss,

R.D.

Da si mer mol op den Hippodrom gespaant, all dat anert Geschreifs déngt net vill, ob mer brav sinn oder net. --Les Meloures (Diskussioun) 15:20, 31. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]


De Reitstadion Le Grand Parquet, am Südweste vu Fontainebleau, deen hei an do (an der Literatur oder a Verwaltungsdokumenter) och als Hippodrom bezeechent gëtt, obwuel et sech net just ëm eng klassesch Rennbunn handelt, mee ëm een Ensembel vun Anlage, wou déi verschiddenst Arte vu Reitsport praktizéiert kënne ginn.
Et ass weder eng net klassesch Rennbunn nach eng aner. Et gi keng Päerdscourssen do ausgedroen. Ech war schonn op där Anlag a kenne se gutt. Et sinn iwwerhaapt keng Installatiounen do déi eppes mat engem Hippodrom nëmmen am wäiteste Sënn ze dinn hätten. Et gëtt zwar soss ganz vill do gebueden.
Duerfir solle mir ons an enger Enzyklopedie wéi hei och net onbedéngt wéi de Géck um Bengel drunhalen an ameséieren der Saach iwwer Ëmweeër en Titel baizemoossen dee se net vedéngt huet. Am Internet fënnt een déi Bezeechnung nëmme just bei de Fakereklammen déi all Numm opgräifen sobal wéi se nëmmen en halleft Wuert dervu wëssen, op engem offiziellen Dokument hunn ech nach ni den Numm Hippodrom fonnt. Et kann awer gär ee mer eent weisen oder soe wou sou eent ze fannen ass.

En plus hunn sou hallef oder guer net Wourechten nëmme just eng negativ Redundanz am Internet a sollen dofir an enger Enzyklopedie guer net opdauchen et wier héchstens wann et ganz ganz wichteg wier fir eppes z'erklären, wat hei jo net de Fall ass. --Les Meloures (Diskussioun) 19:02, 1. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]