Diskussioun:Frantz Kinnen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"huet och eng Rei vu Lëtzebuerger Käppercher ëntworf": Ass dat net vläicht e bëssi ze konkretiséieren? --Cornischong 00:39, 14. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

"war e lëtzebuergesche Moler": Wann ech mer seng Wierker am Artikel an och soss ukucken, dann huet de Mann "relativ wéineg" gemoolt. --Cornischong 00:44, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

huet sech erleedegt --Cornischong 08:16, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Moler, Zeechner, a Sculpteur, dem breede Publikum ass hie sécher méi bekannt als Moler vu Kierchefënsteren.
Et schéngt awer wéi wann hien och vill gemoolt hätt, just sinn déi Wierker gläich an "Natura" ëmgetosch ginn. Ech erënnere mech vague eng Kéier een Auto voll Tableaue gesinn ze hunn.
Ech versichen de ganzen Artikel e bëssen auszebauen - créateur de vitraux, wéi kinnt een dat nennen? --Jwh 08:30, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Tjo, do gëtt nees un de Limitte vun eiser Sprooch geschäert. Eigentlech misst et "Glasmoler" sinn. Dat kënnt mer awer lusch vir, well de Mann jo net op eng gliese Plack gemoolt huet, mee, wéi et schéngt, d'Biller entworf huet, déi vun engem Glasmécher a Form vun enger Fënster "gemaach" gouf. Du schreifs, datt s de den Artikel ausbaus. Dat ass natierlech gutt. Eng Fro dozou: Wéi ass et mat Fotoen: Hues du der; méchs du der; oder hues de mat Fotoen näischt "um Hutt"? Ech froe just, well et ze dacks de Fall war datt der e puer déi selwecht gemaach hunn. --Cornischong 11:01, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Iwwer Fotoen hunn ech mir nach keng Gedanke gemat. Déi Copyright Geschicht mécht mir Angscht - ech liesen a liesen doriwwer, mä versti praktesch glat neist... --Jwh 11:59, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ma de Paschtouer behaapt et net nëmmen, mee persiste et signe. Ex cathedra kréien ech et am Ament net - deen Här ass beschäftegt. --Jwh 01:35, 6. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]