Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Frimaire

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Net op e Grapp voll un ....

[Quelltext änneren]

"Op e puer Deeg méi oder manner huet de Frimaire vum 21. November bis zum 20. Dezember vum Gregorianesche Kalenner gedauert.": En huet also vum 21. November bis den (hei steet natierlech dat preisophonescht "zum") 20. Dezember gedauert; an dat "Op e puer Deeg méi oder manner". Also, ... ech hunn dat net verstanen. --Cornischong 08:17, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Den Text an der en-Wiki schéngt mir do méi kloer ze sinn a misst besser ze vetsoe verstoe sinn: It started between November 21 and November 23. It ended between December 20 and December 22.--Fliedermaus 10:46, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci. Fir de Rescht gesi mer hei drënner, wéi dat "méi oder manner" gemënzt ass: Wann der eppes net geet, dann dréck "op de richtege Knäppchen". Dee Leschte mécht d'Luucht aus. --Cornischong 13:09, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien
Deen Text gouf verlinkt, a wann een drop klickt da kënnt een op d'Ëmrechnungstabell. Do misst ee gesi wat gemengt ass. Wann natierlech ee mengt e misst et nach méi verständlech maachen, einfach op de richtege Knäppchen drécken an duerfueren. Les Meloures 11:07, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
Jo Cornischong, genee sou ass et dréck op de richtege Knäppchen. Oder mengst du, déi aner Mataarbechter missten dat ëmmer maachen, just wanns du eng Fro gestallt hues? Déi hu grad esou gutt wéi s du d'Recht fir net op de Knäppchen ze drécken, oder grad esou wéi s du net ze verstoen oder net ze wësse wéi een et besser ka maachen. Les Meloures 13:17, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Et ass e bësselchen zevill einfach ëmmer aneren d'Aarbecht zouzeschousteren (dat Geschaims hei ass vum Mataarbechter Les Meloures, fir dat emol kloer ze stellen)

""Op e puer Deeg méi oder manner huet de Frimaire vum 21. November bis zum 20. Dezember vum Gregorianesche Kalenner gedauert.": Dee Saz stoung an engem Artikel. Nodeems ech ugesprach gouf, wat dat bedeite soll, hunn ech (hei uewendrunn) geschriwwen, datt ech dat net verstanen hunn ("Also, ... ech hunn dat net verstanen"). Doropshin huet en hëllefsbereete Mataarbechter mech drop opmierksam gemaach, datt et him virkënnt, datt an der engleschsproocheger Wikipedia dat besser erkläert wier ("schéngt mir do méi kloer ze sinn"). Kuerz drop dréckt sech ee vun de siwen aktiven Administrateuren esou doriwwer aus: "Wann natierlech ee mengt e misst et nach méi verständlech maachen, einfach op de richtege Knäppchen drécken an duerfueren". Dat riicht sech, sou wéi ech et verstinn, un deen, deen der Meenung ass, den engleschen Text "misst besser ze verstoe sinn". Doriwwer eraus kritt deen, deen "dat net verstanen" hat, nach Frechheete vum Modell "mengst du, déi aner Mataarbechter missten dat ëmmer maachen, just wanns du eng Fro gestallt hues?" gemaach. Eng Fro weiderzeginn gëtt also opgeholl als "ëmmer aneren d'Aarbecht zouzeschousteren". E bësse méi spéit huet den originäre Froesteller mech gefrot, firwat "deen onfrëndlechen Tipp sech iwwerhaapt do amëscht". Dat konnt ech deem net gutt erklären. Vläicht wier et an der Zukunft besser, engem, deen hei eng Fro stellt, entweder eng kloer Äntwert ze ginn, oder den Déngen ze halen. An nach Eppes: Choleriker hunn déi schlecht Ugewunnegt, sech weider drunzehalen an deenen anere bis an den Hausgank nozelafen. An dësem Fall ass genuch geschaimt ginn. EOD. --Cornischong 08:19, 21. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

An den Hausgank nogelaf

[Quelltext änneren]
1)E bësse méi spéit huet den originäre Froesteller mech gefrot, firwat "deen onfrëndlechen Tipp sech iwwerhaapt do amëscht".
Hei gouf d'orignär Fro vum Cornischong gestallt: Also huet de Cornischong sech selwer nach eng Kéier d'Fro gestallt. Oder hunn ech dat net elo falsch verstanen?
2)Nodeems de Conischong dat gefrot hat huet den onfrëndleche Mataarbechter am Text vun den 12. Méint e Link op d'Ëmrechnungstabell gesat, fir datt een direkt soll gesinn ëm wéivill Deeg et sech all Kéiers handelt.

Wéi en dat gemaach hat huet en déi Informatioun hei uewendriwwer gesat. Dobäi huet e gesinn datt de Benotzer Fliedermaus an der Tëschenzäit driwwer informéiert hat wéi et am engleschen Text steet. En huet déi Informatioun zur Kenntness geholl, mee vu datt en an der Tëschenzäit de Link op d'Ëmrechnungstaball gesat hat, war en der Mennung datt, den Text elo eventuell net méi verbessert misst ginn. Fir z'informéieren datt wann e géif mengen déi Weiderleedung géif net duergoen huet en dat heiten nach derbäi geschriwwen: Wann natierlech ee mengt e misst et nach méi verständlech maachen, einfach op de richtege Knäppchen drécken an duerfueren.

Den onfrëndle Mataarbechter dee schonns eng Aktioun gemaach hat, am Sënn fir dee Saz méi verständlech ze maachen, wollt dommater just ausdrécken datt jiddereen deen am Text nach eppes wëllt méi kloer maachen dat gäre maache kann. Domatter huet en all Mataarbechter gemengt, an net d'Fliedermaus, soss hätt en dat geschriwwen.
3)Dem Cornischong seng Reaktioun doropper: Merci. Fir de Rescht gesi mer hei drënner, wéi dat "méi oder manner" gemënzt ass: Wann der eppes net geet, dann dréck "op de richtege Knäppchen". Dee Leschte mécht d'Luucht aus.
Den onfrëndleche Mataarbechter huet ni geschriwwen datt en engem Mataarbechter wéilt soen: Wann der eppes net geet.


4)De leschte mécht l'Luucht aus.
Den onfrëndleche Mataarbechter huet ugeholl datt domat gemengt wier, déi Aktioun Verlinken déi e gemaach hat, géif dem Mataarbechter Cornischong net duergoen. Dorops huet en ënnendrënner de Cornischong drop opmierksam gemaach, datt hien net eleng dofir do ass fir verbeeseren ze goen. Bei der leschter Bemierkung déi en derbäi gesat huet a vergiess hat z'ënnerschrewen gouf dunn nach just vun engem deen och vergiess huet z'ënnerschreiwen dat hei derbäi gesat: dat Geschaims hei ass vum Mataarbechter Les Meloures, fir dat emol kloer ze stellen
Ech froe mech just wie schaimt hei?
5)Resultat vun dem Ganzen: Den eenzegen dee bis elo eppes an den Artikele vun de revolutonären Nimm vun de Méint geännert huet, fir et méi verständlech ze maachen, war den onfrëndleche Mataarbechter. Soss huet bis elo dofir nach keen e Fanger kromm gemaach, ausser Getalks hei (Domat ass net d'Fliedermaus gemengt), an den Text u sech steet nach ëmmer dselwecht do. .
Vu datt de Cornischong och bis elo och keng Ännerung gemaach huet ginn ech dervunner aus datt en entwerder net wees wéi en et soll besser maachen oder datt en net wëllt maachen, an nëmmen aner Mataarbechter wëllt ofuerderen dat ze maachen. Do kann ech nëmme soen: Nee Cornischong, déi aner Mataarbechter sinn net deng Appersleit. An ech froe mech: Wie wëllt hei weem an den Hausgank nolafen?
Dann nach eng Fro un de Cornischong déi schonns e puermol gestallt gouf: Firwat häls de déi Verspriechen net?
An elo ginn ech Kachen, et huet ee jo net ëmmer Zäit fir 48 Stonnen op der Wiki ze sinn.

Les Meloures 09:45, 21. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Just zu Ërënnerung

[Quelltext änneren]
Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Les Meloures 09:45, 21. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]