Diskussioun:Revenu d'inclusion sociale

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Ufank vun dësem Artikel gouf am Laf vum Schouljoer 2008/2009 am Reliounsunterrecht vun 3es-Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch fir d'lb.Wiki virbereet.


2017 gouf den Numm op deen haitegen ëmgeännert.

Moien huet RTL deen Numm geännert? --Les Meloures (Diskussioun) 14:22, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

De Gesetzprojet gëtt eréischt haut presentéiert ;). Huel mer net béis du bass mengen ech ze fréi. Soss wat häls du vum Wuert Akommes/Revenu fir Sozialinclusioun wann dat hei Ok ass kënnt et an de Spellchecker.lu? --Soued031 (Diskussioun) 15:49, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Moien, ech weess, ech antizipéieren. Well eppes wat geschwë geschitt, just kuerz Zukunkft an da fir ëmmer Vergaangenheet ass, a well ech esou net muss drun denken, Zäitforme vu Verben z'adaptéieren, gräifen ech heiansdo vir, sou wéi hei, well soss keen d'Artikelen à jour setzt...
Wéi een dat op Lëtzebuergesch nennt, ass net eng Fro fir e Spellchecker (dee kuckt just, wéi eppes geschriwwe gëtt) mee wäert sech aus dem praktesche Gebrauch erginn. Vläit seet da jiddereen "Ris" (mat kuerzem "i")? An e puer Méint wësse mer méi. --Zinneke (Diskussioun) 15:56, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
De kreativen Ëmgang mat der Sprooch ass awer dat wat d'Wikipedia/Spellchecker.lu ausmécht, soss kéint ee grad sou gutt de Wiki-Artikel op Däitsch/Franséisch maachen ;). --Soued031 (Diskussioun) 18:38, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]