Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Gemeng Ierpeldeng op der Sauer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: virun 1 Mount vum Zinneke am Sujet un oder op?

un oder op?

[Quelltext änneren]

Moien,

Réimech läit op der Musel, Reckeng op der Mess an Ierpeldeng an eisem Artikel och op der Sauer. D'Gemeng vun Ierpeldeng mengt awer an hirem Logo, se géif un der Sauer leien… Den LOD mécht et méi einfach a seet et wär „Ierpeldeng-Sauer“. Déi lescht Léisung gefält mir och am Beschten an ass analog zu aneren Uertschaften oder Gemengen: Esch-Uelzecht, Esch-Sauer, Béiwen-Atert…

Sollte mer den Artikel net op „Ierpeldeng-Sauer“ réckelen, mat Redirecten vun „op“ an „un“ dohin? | GilPe (Diskussioun) 08:26, 2. Jul. 2026 (UTC)Äntweren

Moien, et ass menger Meenung no net falsch fir Ierpeldeng op der Sauer ze soen, analog zum franséischen Numm Erpeldange-sur-Sûre sou wéi en am Gesetz festgehalen ass. Mä Ierpeldeng-Sauer als Lemma hei, ass fir mech och an der Rei. Wann d'Vollek eppes en Numm gëtt, dann ass dat well dat sech am beschte sou seet. Dohier feelt heinsdo den op der an Nimm obschonn am franséischen Numm de sur steet. Als Erënnerung soll nach vläicht gesot ginn, datt ier d'Gemengepappen vun Ierpeldeng de politesche Wëllen haten, fir dem Gemengennumm en Zouszaz ze ginn, d'Vollek et scho laang gemaach hat, mat deem Ënnerscheed datt Ierpeldeng bei Ettelbréck gesot gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 09:44, 2. Jul. 2026 (UTC)Äntweren
Moien, wa mer majoritär der Meenung sinn, et sollt fir richteg "op der Sauer" sinn, da proposéieren ech a) mer loosse de Lemma wéi et ass; b) maachen e Redirekt vun "E.-S." an "E. un der S." dohin a schreiwen c) am Agankssaz Ierpeldeng op der Sauer (och: un der Sauer) ass ..." --Zinneke (Diskussioun) 11:28, 2. Jul. 2026 (UTC)Äntweren