Diskussioun:Generalstänn (Frankräich)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut!

Generalstänn gouf et net nëmmen a Frankräich! Dësen Artikel misst entweder frëschgeschriwwe ginn, oder just "Generalstänn a Frankräich" heeschen.

A klenge Länner, wéi Lëtzebuerg am Mëttelalter an am Modernen Zäitalter (-> 1794), gouf et eng Versammlung vun de Stänn (Klerus, Adel an 3. Stand) vun der Grofschaft, respektiv vum Herzogtum (Assemblée des états du comté / duché de Lx).

Wéi Lëtzebuerg bis zesumme mat aneren Herzogtümer, Grofschaften, asw. d' << Pays-Bas bourguignons >> (spéider << ... espagnols >>, asw.) gebilt huet, gouf et am Kontext vun de (groussen) Nidderlanden (spéider och Siwenzéng Provënze genannt) och "Generalstänn". Regional hunn déi al Stänn weiderbestan, sinn allerdéngs als << états provinciaux >> bezeechent ginn, dat obwuel d'Nidderlanden ni een Eenheetsstaat gebilt huet, mee ëmmer nëmmen eng Zort lockere Staatebond (confédération) war.

No der Onofhängegkeet vun den nërdleche Provënzen (=> Republik vun de Vereenegte Provënzen) gouf et do weiderhinn eng Versammlung vun de Generalstänn. Am Süden, wou de spuenesche Kinnek a spéider d'Éisträicher d'Soën haten, gouf et och Generalstänn.

Dem Zinneke ee grousse MERCI fir d'Literaturangaben zum Achtzegjärege Krich!

Gréiss,

Chris

Moien, well déi franséisch Generalstänn déi bekanntst sinn an déi aner net ëmmer honnerprozenteg d'selwecht heeschen, hunn déi franséisch hei d'Virrecht. Déi aner alleguer kënnen awer mol gären an engem sonneren Artikel wéi z.B. Generalstänn (Homonymie) opgezielt a kuerz erkläert ginn. A merci och un déi aner Mataarbechter fir d'Verlinkungen, d'Këscht an d'Navigatiounsläischt.
Bescht Gréiss
Jean-Jacques

Dat ass nun awer wierklech keng Fro vun Homonymie!

Et geet hei ëm eng politesch Institutioun, déi allgemeng beschriwwe soll ginn, wéi z. B. de Begrëff "Parlament". Duerno kann ee kucken, wéi sech d'Generalstänn hei oder do presentéieren.

Looss mer sérieux bleiwen, soss kënne mer direkt op eng lb.wikipedia verzichten an op déi aner zréckgräifen.

Gréiss,

Chris