Diskussioun:Genf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Seet een op Lëtzebuergech “Genf” oder “Genève”?

Firwat mengs de datt den Artikel Genf heescht? --87.64.49.211 09:35, 18. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Wou ass dat eigentlech definéiert? Wann ee mol sou recherchéiert fënnt een effektiv d'Benotzung vu Genève wéi och déi vu Genf. Am Dictionnaire steet näischt doriwwer. Ass do eventuell eng Kéier eppes vum CPLL zu där Thematik publizéiert ginn?
Et ass mat Genf/Genève wéi mat honnerten aneren Doubletten: Et gëtt weeder eng Virschrëft, nach eng Konventioun fir de Virzock vun där enger oder anerer Versioun, an sou ass déi eng genee sou "richteg" wéi déi aner.--Zinneke (Diskussioun) 13:31, 18. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Genève gëtt haaptsächlech vun deene Leit gebraucht déi mam Avion an d'Grèce fléien fir do no Antiquités ze sichen.
Déi fueren och op Mess amplaz op Metz.
Wa mer lo nach wéisste firwat mer Genua soen amplaz Gênes oder Genova da kéinte mer vläicht erausfanne firwat mer Genf soen. Bei Prag hätte mer de selwechte Problem, mer soen net Praha a mer schreiwen och net Prague.
Vläicht kënnt och nach een op d'Iddi fir de Genferséi op eemol Lemanséi ze nennen.
--Les Meloures (Diskussioun) 14:07, 18. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Also dat ka mol schonns net sinn. Ech soen Fliger a Griicheland an Antiquitéit a Metz an Nanzeg a Léck an trotzdeem ass et vir mech Genève a net Genf. Sou Aussoe misste mol mat Source beluecht ginn Ier der anere Léit domat op d'Féiss trëppelt! Iwweeregens kennt de Spellchecker déi béit Schreifweisen (Genf a Genève). An t'ass natierlech de Genèver Séi an net de Lemandséi op Lëtzebuergesch. --185.40.62.80 14:33, 18. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
An t'ass natierlech de Genèver Séi an net de Lemandséi op Lëtzebuergesch. Wou ass dann d'Quell fir déi Behaapttung?. --87.64.49.211 15:15, 18. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]


Remoien, an eng prinzipiell Informatioun:

D'Wikipedia ass net do fir ze soen, wat wéi op Lëtzebuergesch heescht. Dofir gëtt et e Koup Dictionnairen, vun deene mer mol unhuelen datt déi et besser kënnen, oder wéinstens misste besser kënnen. Op der Wikipedia soll de Lemma ee vun den Nimm hunn déi zu Lëtzebuerg am Gebrauch sinn. Wann et nach anerer gëtt, da ginn, wéi och an dësem Fall Redirecten ugeluecht fir datt jiddwereen dee Lemma erëmfanne kann.

Wann een Auteur hei en Artikel uleet, da kann hien deen Numm gebrauchen deen him logesch schéngt, soulaang wéi en akzeptabel ass an op de Sujet passt.

Am Fall vun dësem Artikel, gouf den Artikel virun eelef Joer mam Lemma Genf ugeluecht a gläichzäiteg gouf de Redirect Genève gemaach, soudatt e vun Ufank un, och ënner deem Numm ze fanne war.

Mat 50 Sichen no Genf a 4 no Genève op dëser Wikipedia schéngt et kloer ze sinn wat fir engem Lemma d'Leit de Virrang ginn.

--87.64.49.211 15:38, 18. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Woubäi sech d‘Fro stellt: Wann et kee Lëtzebuergescht Wuert gëtt mee nëmmen een Däitscht an ee Franséischt. Mir si neutral. Sollt et da net d‘Aufgab vu Wikipedia sinn vir dat Wuert ze benotzen wat am logeschsten ass? A vue dass d‘Amtssprooch vun deem entspriechende Kanton Franséisch an net Däitsch ass, wier da net déi Franséisch Versioun déi méi logesch? Et ass jo hei u sech net anescht wéi bei deenen anere Kantonen och. Firwat z.B. heescht et hei op der Wikipedia https://lb.wikipedia.org/wiki/Kanton_Vaud a net Waadt? Oder https://lb.wikipedia.org/wiki/Fribourg_(Schw%C3%A4iz) a net Freiburg. Oder https://lb.wikipedia.org/wiki/Neuch%C3%A2tel a net Neuenburg. Well et méi logesch ass an engem franséischsproochege Land/Kanton och dee franséischen Term ze benotzen, an an engem däitschen deen däitschen. Wier an deem Sënn Genève net Genf virzezéien?