Diskussioun:Georges Schroeder

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De 7. Juni 1994 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot an de 17. November 2009 krut hien eng Nominatioun als President vun där Institutioun. Säi Mandat ass den 7. Juni 2012 ausgelaf.

Ass de President net méi Member vum Staatsrot oder war hien an där Period eng Zäit net am Staatsrot.

Déi Fro stellt sech wann een dat heite liest: les fonctions de membre du Conseil d'État prennent fin après une période continue ou discontinue de quinze ans.

1994 bis 2009 = 15 Joer an duerno nach 3 Joer President. Dobäi leeft d'Mandat vum President all Kéiers op ee Joer. Wann ee vum 17 November ausgeet kann et m.M.n. am Juni net ausgelaf sinn.

--Les Meloures (Diskussioun) 09:57, 11. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]


De President ass ganz kloer och Member vum Staatsrot: "Le Grand-Duc désigne chaque année parmi les conseillers le président et les deux vice-présidents du Conseil d'État." Et kann een sech also op d'mannst d'Fro stellen, ob déi aktuell Praxis fir no de 15 Joer normaler Memberschaft nach e puer Joer als President drunzehänken iwwerhaapt legal ass.
Ech huelen un, dass d'Dauer vun der Presidentschaft vum 7. Juni u gerechent ginn ass, och wann en offiziell réischt de 17. November nominéiert ginn ass, well wat wier soss mat der Zäit vum 7. Juni bis 17. November? Et ass jo schliesslech secher och net Zoufall dat e grad bis de 7. Juni President war.--MMFE (Diskussioun) 11:59, 11. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]