Diskussioun:Ger Maas

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

1966 huet si d'Cité Internationale des Arts zu Paräis besicht.

Wat ass do sou Extraes drun ausser datt een do schlofe kann an en Atelier kann zur Verfügung hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:24, 18. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Déi Informatioun kënnt aus dem Buch vum Maria Burghagen: LuxArt, Lexikon Luxemburger Künstler. Méi kann ech der dozou och net soen. Ech huelen awer un datt et vun enger gewësser Bedeitung ass, soss hätten se dat am Buch och net bräichten opzeféieren.--MMFE (Diskussioun) 22:51, 18. Mee 2014 (UTC)[äntweren]


Et gëtt zu dëser Ausso schonn zwou Méiglechkeeten, fir se z'interpretéieren, wat an enger Enzyklopedie ëmmer schlecht ass.
1. Méiglechkeet: si huet 1966 besicht. Dat léisst fir mech d'Fro op: "War se d'Cité kucken"?
2. Méiglechkeet: Wann de besicht hei an dem selwechte Sënn gebraucht ass wéi fälschlecherweis bei de Schoulen déi een och meeschtens net nëmme besicht, mä an déi ee léiere geet (et geet een an d'Schoul, op d'Uni, an et besicht ee se net), da misst een och gewuer ginn wat se do geléiert huet a wéi laang se do war. An der Cité kann een nämmlech tëscht 2 an 12 Méint lounen, an et schénge keng Formatiounen domat verbonnen ze sinn.
Sou wéi et elo do steet, ass et keng groussaarteg Informatioun, och wann et an engem Buch iwwer Kënschtler vläicht flott ass ze liesen. -- Les Meloures (Diskussioun) 07:44, 19. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Ech interpretéieren dann emol datt et sech ëm deng zweet Méiglechkeet handelt, dat anert géif kee Sënn maachen. Léiere kann ee bei esou engem Openthalt wuel duerch d'Kontakter mat anere Kënschtler déi sech och do ophalen. Ech änneren den Artikel dann emol. --MMFE (Diskussioun) 13:36, 19. Mee 2014 (UTC)[äntweren]