Diskussioun:Goodyear-Dunlop Colmar-Berg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Kalleksbrennerei war net do wou 1951 d'Pneuefabréck gebaut gouf. Déi Gebaier goufen iwwregens eréischt uganks der 1960er ewechgerappt a se stounge méi lénks, an d'Iewe stoungen do dou wou haut ongeféier de Parking ass. --Les Meloures (Diskussioun) 20:05, 21. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

Déi 2 méi héich Gebaier stoungen ausserhalb vun der Pneuefabréck vun 1951, keen Zweiwel. Gesäit een och hei. Misst deels beim haitege Lager sinn.
Wann ech déi heite Foto vum Schlass Brückenberg vergläichen, mat dëser vum Schlass Colmar-Usine em 1920 an dëser vun 1877, dann missten awer Deeler vun deene méi klenge Gebaier an der Entrée vun 1951 (=haut) leien. Passt mat der Topo vun 1927. Laut menge Quellen gouf am hënneschten Deel vun der 1951 Tire Plant keng Kallek- oder Schmelz-Sauerei fonnt, awer definitiv méi riets zum Bësch zou wou och nach rezent ausgebaut gouf.
Vun dohier ass déi Ausso "D'Tire Plant steet um Site vun enger aler Kallekfabréck" fir mech net falsch. Egal wéi mer et dréien, do wou haut Tire Plant ass, ware fréier Kallek/Zementfabréck resp. Schmelz. Dofir och um Site an net op enger aler Kallekbrennerei.
BG, R2lx (Diskussioun) 16:28, 22. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]
Ech hat mech uewe verschriwwen et sollt riets sinn. Mea Culpa
Lo wier et awer och flott wa mer géife gewuer ginn weem déi Pneuefabréck gehéiert resppektiv gehéiert huet, an ech froe mech ob et net besser wier de ganze Komplex vun der Goodyear an engem Artikel zesummenzefaassen, och wann et mat der Pneuefabréck ugefaangen huet. --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 22. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]
Ech hunn et entspriechend ugepasst. Kënnt no an no bäi. R2lx (Diskussioun) 17:40, 22. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]