Diskussioun:Gréng Boun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gaardeboun ?[Quelltext änneren]

Wann de Lëtzebuerger vu Gaardeboune schwätzt, dann denkt en un "Judd mat Gaardebounen" an e mengt domat déi Bounen déi och nach Saubounen (fr: fèves) genannt ginn. Dës Bounenzort huet awer näischt mat de grénge Bounen ze dinn, déi hei am Artikel, zwar nach nëmmen a Kuerzform, beschriwwe sinn. --Pecalux 15:56, 3 Mäerz 2007 (UTC)

"Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen." --Cornischong 17:24, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Heescht dat op lëtzebuergesch: Ech ka roueg all Kabes an irgendeen Artikel schreiwen well jidder aneren, dee méi iwwer dat Thema weess, ass dann héiflech invitéiert aus deem Kabes e richtegen Artikel ze schreiwen? Hunn ech dat richteg verstan? --Pecalux 18:24, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Wann ech sou an de Lëtzebuerger Wierderbicher kucken schéngt et wéi wann déi alles an een Dëppe werfen. D'Gréng Boun huet och nëmme just deen Numm wa se gréng gepléckt a preparéiert gëtt soss ass et eng hondsgewéinlech Boun déi nach net zeideg ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:49, 23. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
PS:
Am LOD Gaardeboun = de:Saubohne fr:fève des marais an d'déi franséisch Haricot iwwersetzen se einfach mat Boun. Den haricot vert kenne se bei LODees net, vun Dullesse scho guer net ze schwätzen. Dobäi sinn se awer mam D schonn 3 Joer fäerdeg.
Am LWB Gaardeboun = de:Saubohne
Bei Sauboun = de:Pferdebohne lb:Päerdsboun, Gaardeboun, Dulles.
Bei Dullessen: = de:Saubohnen lb:Gaardebounen
Bei Boun: «Bohne, Phaseolus» — Arten: Mier- oder Schneidbounen, Staacheoder Steefbounen, Stäckelches- oder Stempelbounen, déck, Sau- oder Gaardebounen, Feier- oder tierkesch Bounen, Feld- oder Schwéngsbounen — gréng, wäiss, gedréchent Bounen —
Am WdLM: Dullessen =de:Saubohnen lb: Gârdeboun
Bei Gaardeboun: = de: Saubohne, Puffbohne a Vicia faba.
Bei Sauboun: de:Perdebohne Vicia faba equina, Päerdsboun.
Bei Boun:de:Bohne lb:Gaardeboun, Mierboun, Päerdboun, Sauboun. E kennt nach d'Tierkesch Boun =de:Feuerbohne.
Am LLU: Sauboun net bekannt
Gardebon: de:Feldbohne (warscheinlech well se aus dem Gaart kënnt) an nach Saubohne, fr: la grosse fève, la fève des marais oder de jardin (faba major)
Fir d'Boun: de:Bohne, fr:fève
Lo kann ee sech eraussiche wat ee wëll. --Les Meloures (Diskussioun) 13:13, 23. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]