Diskussioun:Grénge Stroum

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Stellungna(h)m ass net eng Positioun.

Den DFL féiert d'Wierder: Stellungna(h)m oder Prise de Position.

Am Virwuert vum DFL steet: Il se base sur la nouvelle orthographe luxembourgeoise telle qu'elle a été codifiée par le règlement ministériel du 31 juillet 1999 et par différentes modifications ultérieures décidées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Les Meloures 09:57, 24. Mäe 2008 (UTC)

Dat liest sechallerhand wëssenschaftlech, dat ass et awer guer net. Well an der "däitscher" Editioun stinn nach vill aner Saachen am Virwuert. Datt et sech op d'Schreifweis vun 1999 "baséiert" ass jo net méi wéi logesch. Datt et probéiert ("versucht") "so weit wie möglich die Sprache zu vermitteln, wie sie heutzutage gesprochen wird" liest sech schonns e bësse speziell (!!). Wann am Ländchen bei all Geleeënheet, déi sech bitt, vu "Positiounspabeiere" Rieds geet (dat wiere jo "Positiounen", déi op Pabeier stinn) , da kënnt mär eng "Stellungna(h)m" nawell ferrem preisesch vir. Wa mer eis mol net kënnen eenegen, ob et ...nam oder ...nahm ass, da kënne mer eis sou lues zappe goen. Iwwregens geet et an deem "besote" "Link" drëm, wou déi Gruppen "dru sinn" "vis-à-vis" vun deene Problem"stellungen". An dowéinst hu se eng Stellung "gena(h)mt" , datt d'Vollek weess, wéi se dozou stinn. Fir mech ass dat, watfir eng Positioun een "anhëlt", also wéi een dozou steet. Vläicht kënnt nach ee mat "Huele vun enger Positioun"? Mer sinn "net gutt drop" mat eisem Kulturdialekt, dat gesi mer scho beim "Segelfluch", déi an (oder no?) der "nouvelle orthographe luxembourgeoise telle qu'elle a été codifiée par le règlement ministériel du 31 juillet 1999" nëmmen een "e" kritt. "An dësem Sënn"... , wéi d'Transmuselaner, déi och "segeln", soen. --Cornischong 10:33, 24. Mäe 2008 (UTC)


Dat mat dem segelen an anerer geet mir perséinlech net sou richteg an d'Schierbel eran.
Ech wollt mech an der Grammaire de la langue luxembourgeoise schlau maachen an hunn dat heiten op der Säit 18 fonnt
On ne double pas cet e dans des mots étrangers qui sont empruntés telsquels, mat folgende Beispiller:
Alphabet, Demokratie, Dezember, eben, egal, Februar, Gen, Geographie, reell, Regel, Ven, weder, wegen, wesentlech, Zeder.
Et muss een demno och nach wëssen op d'Wuert aus enger friemer Sproch kënnt oder nët. Beim wegen ass et kloer wéi Bullettszopp. Menger Meenung no gehéiert dat schonns guer net dohinner. Souwäit wéi ech weess gëtt op lëtzebuergesch dofir wéinst gesot. De wesentlech kënnt mer grad esou koppeg fir. Wann nach 2 Dictionnären erauskommen, wäerte mer vläicht nach zwou Schreifweisen derbäi kréien, an all vum Conseil permanent recommandéiert. Les Meloures 11:08, 24. Mäe 2008 (UTC)