Diskussioun:Grenzenlos

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

... Zäitschrëft fir Lëtzebuerg.[Quelltext änneren]

sou steet am éischte Saz vum Artikel. Dat léisst dropp schléissen dass déi Zäitschrëft prioritär zu Lëtzebuerg gelies soll ginn an esou quasi als Lëtzebuerger Zäitschrëft an däitscher Sprooch soll gëllen.

Op der Websäit vum Verlag ass dat awer méi nuancéiert: Das neue Magazin für Luxemburg und das deutsche Grenzgebiet!. Wann dat richteg ass, erfëllt dës Zäitschrëft dann d'Kriterien fir op der lb:Wiki an der Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg notéiert ze sinn, zumol wou se am Ausland editéiert gëtt?

Ech sinn d'accord dass den Artikel eng Plaz hei zergutt huet, mä bis elo schéngt et mer nëmmen eng Publicitéit ze sinn. --Pecalux 16:22, 20. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Am Ament gesinn ech ausser der 1. Säit net vill op deem Site, deen am "Umbau" wier. Vläit muss den Artikel souwisou gläich an de "passé simple" ëmgeschriwwe ginn... --Jwh 16:38, 20. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg,

ech klären déi ganz Diskussioun elo op: Punkto Homepage vum SBLC-Verlag: - Mir hun den Ament souvill ze din, dass eis Homepage leider extrem drënner lede muss. Fir e serieusen Journalismus ze schreiwen bedaarf et un Zäit, an zu zweet as dat guer net sou einfach.

Punkto Däitschland: - Et as richteg, dass mir eise Verlag an Däitschland hun, mais mir sin bis op eise Chefredakter alleguer Lëtzebuerger. Vue, dass mer och hei wunnen, hu mer eis Firma och do établéiert, fir manner Bürokratie ze hun. Eise Magazin GRENZENLOS as an 1. Linn fir de Letzebuerger Bierger geduecht. Well mir awer och Firmen an Prominenz aus der däitscher Groussregioun virstellen, steht dofir ennert dem Logo "das Magazin, das uns verbindet". Natirlech waerte mer och iergendwann an noher Zukunft expandéieren an an Däitschland op de Maart kommen, fir eisen Noperen eis Lëtzebuerger Aktivitéiten virszestellen.

Punkto Publicitéit: - Et as net einfach, als neie Magazine de Lëtzebuerger Maart ze eroberen, an vill Méiglechkeeten fir ze werben, ausser am Magazine selwer hu mir net. Duerch eis Lieser, (et gin der emmer méi), an eis interessant Storien fänke mer sou lues un, eis z'établéieren, an dat ganzt schon no 3 Méint um marché. Eis 3. Ausgab, mam Cover vun der Fada's Family as sougutt wéi ausverkaaf (Bestätegung duerch diverse Valora-Shop-Betreiber, déi scho gefroot hun, ob mer kënne nodrécken). Vill Lieser schreiwen eis un, a wëlle méi iwert eis wëssen. Dofir wär eng Präsenz um Wikipedia, denken ech, net verkéiert, wou mer eisen Alldag besschen können virstellen.

Merci fir Är Opmerksaamkeet,

L.Cirelli - Éditeur "grenzenlos" - Magazin

Moien, Merci fir dës Prezisiounen. Déi kleng Diskussioun uewe goung virun allem ëm d'Aklasséieren a Kategorien a Lëschten, wéi mer der hei hunn. Wann d'Theme vun der Zeitung virun allem Lëtzebuerg ofdecken, da mengen ech, soll een net zevill kriddelech sinn, och wann de Verlag säi Sëtz an Däitschland huet. Lëschten a Kategorien solle jo hëllefen, Artikelen erëmzefannen. --Zinneke 17:10, 26. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]


-- Ech son Iech merci. L. Cirelli