Diskussioun:Heeschbreger Bildchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ups pardon, d'Fotto sollt natierlech net verschwannen...

Moien,

Kuescht ass déi lëtzebuergësch Bezeechnung fir Kork, Kork-Eiche, chêne-liège.

Wie seet dat, a wou kann en dat noliesen. ?? freet de Les Meloures 22:44, 26 Juli 2007 (UTC)

Dat selwecht am aneschten?[Quelltext änneren]

Wann ech hei ( http://www.wort.lu/gallerien/gh_altrier/slides/TP__H7A1819_20071113.html ) eng Foto vun der Statu gesinn, an ech gesinn "eis", da verstinn ech näischt méi. An dobäi muss dat selwecht gemengt sinn: "Besuch des "Bildchen " bei Altrier - einer mehrere hundert Jahre alten Eiche, in deren ausgehöhltem Stamm eine Muttergottesstatue aufgestellt wurde." --Cornischong 01:34, 14 November 2007 (UTC)

Am Bam steet eng aner Figur, wéi déi, déi mer hei am Artikel hunn! --Cornischong 19:14, 14 November 2007 (UTC)

Ech kinnt mer virstellen dass d'Originalstatu e bestëmmte Wert huet an dowéinst net am Bam stoe gelos gëtt, mee op enger sécherer Plaz versuergt gëtt. Fir awer de Bam net "eidel" do stoen ze loossen, kinnt et sinn datt normalerweis irgendeng bëlleg Gipsstatu dra steet. Wéi de Grand-Duc op Besuch koum, kinnt natierlech déi original Statu dragesat gi sinn. Dëst ass awer nëmmen eng Hypothes an ech kann se momentan net beweisen. --Pecalux 07:03, 15 November 2007 (UTC)

Deeër Fäll hu mer jo méi (de Fiisschen um Knuedler, de Retabel an der Helzer Klaus asw., dat d'Kopie ass; den Original steet hanner Gitteren an Alarm an der Helzer Kierch), mee wéi ech gëschter do war, stoung nach d'"Grand-Duc" -Versioun am Bam. Déi "al" gesäit schecklech kitscheg aus. Ech géif dem Pecalux gär Recht ginn, awer bei alle Kopien, déi dorëmmer stinn, gläiche se den Originaler, wat hei guer net de Fall ass. Hale mer d'Aen an d'Oueren op. --Cornischong 08:33, 15 November 2007 (UTC)

Marienhellegtum ?[Quelltext änneren]

Wat soll dann do "helleg" sinn? D'Statu? A wien huet "dat" helleg gesprach? Loosse mer léiwer mol "d'Kierch am Duerf". Iwwregens, déi Saach mat der Statu ass am gaangen opgeklärt ze ginn. --Cornischong 09:06, 15 November 2007 (UTC)

Dat ass deen, dee sech de Batti stellt[Quelltext änneren]

Wéi mer alleguer wëssen, steet den Original (dat ass déi Statu mat der Kroun!) an der Kierch op der Schanz. Fir do Fotoen ze maachen, dierf méi komplizéiert ginn, well do ass den Här Morbach Paschtouer. Dat ass deen, dee sech de Batti stellt, wann e frëndlech gefrot gëtt, fir a "senge" Kierche kënne Fotoen ze maachen.

Jean Engling 1859[Quelltext änneren]

Wéi ass da w.e.g. déi genee bibliographesch Referenz op dës Aarbecht vun 1859 ? Cayambe 16:17, 22. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat hei eng IP schreift, datt de Jean Engling 1859 "mengt", ass topeg genuch. Wann et net kloer ass, da gehei et eraus. Héieresoe-Geschichtercher wëlle mer eis léiwer net leeschten. --Cornischong 16:27, 22. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]