Diskussioun:Heinrich I. vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ~

ech si beileiwe kee Spezialist um Gebitt vun der mëttelalterlecher Geschicht, mee ech hunn d'ongutt Gefill, hei ass eng Verwiesselung mat engem aneren Hari virläit? Well an der nl:wiki (déi déi ganz Herrscherlëscht vu Lëtzebuerg duerchgeholl huet), steet iwwert deen hei: Over hem is weinig anders bekend dan dat hij de oudste zoon van Graaf Siegfried was.

Wat mengt d'versammelt Vollek?

--Zinneke 21:53, 28 September 2005 (UTC)

Dat Thema mécht mech krank. Et gët anscheinend Zäit fir e Profi ze froen. Luuss emol eng Kéier hei: ( http://homepages.rootsweb.com/~cousin/html/p360.htm ) ënner "Heinrich I, Graf von Luxemburg". An dann aus dem "Lexikon des Mittelalters" (dat ass d'Crème) ( http://www.genealogie-mittelalter.de/luxemburger/luxemburg_grafen_von.html ). --Cornischong 23:00, 28 September 2005 (UTC)

Beim "Stöberen" wou mol hei e Link feelt oder so e Wuert net passt, sinn ech op des Säit gestouss. Ech krope mer lo mol och all déi aner dono follgend Jhempen a kucke wat do lass ass. Och ech si kee Spezialist vu Mëttelalterlechem Gedeessems, an nach manner wann et em sou "kleng Territoire" geet (e Kinnek vun England oder Frankräich ass méi einfach ze fannen hehe). Mee ech sinn ich iwwerzeegt datt do eng Verwiesslung virläit. "En hat keng Kanner a war de Jong vum Siggi" ass e groussen Ënnerscheed zu "En hat X Kanner a wor opeemol suguer däitsche Keeser". Wann awer suguer d'Bayresch Staatsbibliotheik (Link => ënnen ass Heinrich V. von Bayern) mengt datt et dem Siggi säin ass, dann denken ech sou falsch kënnen déi och alt net leien. Ech hu mol präventiv den Text deen zu Konfusioune gefouert huet geläscht, an eng Skizz dropgepaapt. --Briséisβρισεισ 16:37, 25 Februar 2006 (UTC)

"Ech krope mer lo mol och all déi aner dono follgend Jhempen a kucke wat do lass ass." Lo hu mer 17 Editen hannerun eis, an am "Artikel" steet 1 (a Wierder: ee) Saz!!! --Cornischong 01:09, 30 Oktober 2006 (UTC)

Wann Bayresch Staatsbibliotheik an de Cornischong soen, datt den Heinrich I. vu Lëtzebuerg de Jong vun Sigfrid war (de Cornischong seet nach, datt et deen eelste war), firwat hëlt dann een dat aus dem Text eraus??? --Cornischong 09:56, 30 Oktober 2006 (UTC)

Also den "Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes" (P.J. Müller) no ass daat effektiv dem Siegfried sei Jong... Och Herzog vu Bayern etc. Mee daat Buch as nët onbedenkt däer beschter eent, géif also nët alleng dono Uerteelen. Et dierf een aawer nët vergiessen dass déi Zait nach déckt Chaotesch (waat Geschichtschreiwung ugeet)ass. Zum Beispill ass séch och nët jidfereen eenz ween dann elo dem Siegfried sei Pap waar... Ech géif soen dësen Artikel kënnt erem a séin uersprong's Zoustand bruecht ginn. Waan een dann aaner wikien als source hellt géif éch fier d'Lëtzebuerger Grofen déi Fransäich an Daitsch vierschloen wëll des ganz gudd sinn.
Kann mech elo grad net selwer em dést këmmeren, an deen datum as och e besse fréi fier méch.--Caranorn 11:51, 30 Oktober 2006 (UTC)

Do si mer eis eens. Dem P.J.Muller säi Buch ass an der Form eenzegaarteg, mee "schonns e bëssen al". Ech schreiwen och net vun deem, mee vum J.M. Kreins sengem klengen "Histoire du Luxembourg" an de "Que sais-je?". Dat ass zwar mat 128 Säite net grad e Schwéiergewiicht, mee d'éischt Oplo war 1996. --Cornischong 16:36, 30 Oktober 2006 (UTC)

Der däitscher Wikipedia trauen ech an deem Rayon net fir 5 Sou. --Cornischong 16:38, 30 Oktober 2006 (UTC)