Diskussioun:Henri Kox

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Henri KOX ass den 20.Oktober 2013 zwar ërëmgewielt gin, mee matt vill manner Stëmmen

Daat ass awwer eng ganz schlëmm Saach. Wei ass esu äppes nëmme méiglech.
  • 2004: 4972 Stëmmen
  • 2009: 7551 Stëmmen
  • 2013: 6271 Stëmmen

Moien,

ech gesinn do wëll een eng aner Foto asetzen, an en anere wëll dat verhënneren. Et wier gutt, wann déi zwéi giffen explizéiern, firwat si léiwer déi nei, resp. déi al hunn. Déi nei ass vun 2013, déi al vun 2007 (oder nach méi al). Wat fir déi nei schwätze géif. Allerdéngs ass déi vun enge vill manner gudder Qualitéit (knapps Timberegrouss). Ech huelen emol un, dat war de Grond, firwat déi al gehalen gouf. Kann den Asetzer vun der neier se net an enger méi héijer Opléisung eroplueden? Da kinnt déi och an den Artikel kommen.

Merci am viraus. --Zinneke (Diskussioun) 09:17, 16. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]

All déi Fotoen an deem Format déi de Benotzer Raoul bis elo dragesat huet hu Copyrightproblemer, dat ass ofgesi vun de schappeger Opléisung d'Haaptursaach. E gouf op Commons drop opmierksam gemaach huet awer bis elo nach keng Reaktioun gewisen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:22, 16. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
OK Merci, ech war net sou wäit kucken. Da muss dat op Commons riichtgebéit ginn, soss sinn déi Fotoen do nees séier geläscht. Wann de Raoul1056 zu eppes Froen hätt, dierf en déi natierlech gär hei stellen. --Zinneke (Diskussioun) 09:56, 16. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hunn d'Fotoen vun all de gréngen Députéierten aktualiséiert well se einfach méi aktuell sinn. Et sinn d'Fotoen déi si am Walkampf zu de Wahlen 2013 benotzt hunn, ergo, se kënnen frei publizéiert ginn. Raoul1056 (Diskussioun) 09:29, 17. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
Fir eppes kënne fräi ze publizéiere muss ee selwer den Auteur (Fotograf) sinn, oder vun deem Recht derzou kritt hunn. Et geet net duer datt e Bild ëffentlech fir d'Wale publizéiert gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 09:40, 17. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
Daat eenzegt waat ech maache kann ass e schreftlechen Accord vun der grénger Partei kréien (vun denen ech och den Optrag an d'Fotoen krut fir d'Säiten op den neitsten Stand ze bréngen), si hu jo awer d'Rechter op d'Fotoen?Raoul1056 (Diskussioun) 09:49, 17. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
D'Rechter op d'Fotoen huet nëmmen de Fotograf. Ech gleewe kaum datt d'Partei deem d'Rechter ofkaaft huet. --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 17. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
Dat stëmmt awer elo net. Si hunn déi Fotoen an Optrag ginn an de Fotograf bezuelt fir déi Fotoen am Kader vun hierer Wahlcampagne ze maan. Si sinn am Besëtz vun deenen Fotoen an hunn d'Recht se ze benotzen wéi se wellen. droits moraux ≠ droits patrimoniauxRaoul1056 (Diskussioun) 11:35, 17. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
Da muss dat op Commons iwwer ORTS vun der Partei confirméiert ginn. Kuckt dofir an d'Schabloun déi an der Beschreiwung vun de Biller steet. En plus misst et da jo och Originaler an enger ordentlecher Opléisung ginn. Qualitativ schlecht Fotoe sinn och net ubruecht. Den Auteur (Fotograf) vun de Fotoe muss och ernimmt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:52, 17. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]
Just fir déi Saach ofschléissend kloer ze stellen: E Fotograf kann d'Rechter vun senger Foto effektiv oftrieden. Alledrings ass et hien, dee bestëmmt, ënner wat fir Konditiounen dat de Fall ass: Am heite Fall kann hie se z.B. der Partei ofgetrueden an hir d'Recht ginn hunn, domat ze maachen, wat se wëll. E kann de Gebrauch dovunner awer och u bestëmmte Konditioune gebonnen hunn: z.B. Nëmme fir Walkampfzwecker, kee kommerzielle Gebrauch, d'Biller dierfen net verânnert ginn, asw. Wat do vertraglech ofgemaach gouf, wëssen eenzeg déi zwou Vertragsparteien: de Fotograf selwer an Déi gréng. Dofir muss eng vun deenen zwou dat iwwer ORTS noweisen. Wéi scho gesot kënnen op Wikipedia/Wikimedia just Fotoe mat enger fräier Lizenz, déi de Fotograf hir muss ginn hunn (CC-by-SA, oder änlech) verëffentlecht ginn. A schliisslech: och wann d'Foto komplett "fräi" wier, muss den Numm vum Fotograf ëmmer genannt ginn. --Zinneke (Diskussioun) 10:06, 24. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]