Diskussioun:Henri Wehenkel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

relativ séier à durée indéterminée.

Ass dat eng speziell Nominatioun? --81.245.112.4 11:33, 26. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]

Et goufen ëmmer nees Chargé'en engagéiert, mee hir Situatioun war éischter prekär [si ware jo net fest ugestallt, well se d'Konditiounen (-> Formation pédagogique, Thes, theoreetesch & praktesch Examina, Nominatioun zum Professer) net erfëllt hunn]. Si hunn sech awer dofir agesat, datt hire Kontrakt "à durée indéterminée" gouf. E puermol koum et deemno vir, datt de Ministär eng ganz Grupp vu Chargé'en "à durée indéterminée" engagéiert huet, dat, fir engersäits iwwer genuch Leit ze verfügen (déi iwwregens net sou deier kascht hunn, well se pedagogesch ni richteg ausgebilt gi waren an ni eng fest Nominatioun konnte kréien - souvill zum Intérêt vum Min.Educ.Nat. fir d'Qualitéit an der Schoul)), a fir anerersäits Rou am Betriib ze Kréien. Ech mengen net, datt d'lb.wikipedia all dës Détailler muss festhalen. Oder muss och hei klengkarréiert Politik a Beschass bedriwwe ginn? - V.B.


Donieft huet eng ganz Partie vun Etuden iwwer zäitgeschichtlech Theme verfaasst a publizéiert.
Nieft wat. Mécht kee Sënn wann net virdrun vun eppes anescht Rieds war wat e gemaach huet. --87.65.83.203 19:54, 13. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
Hien huet als Enseignant geschafft, an donieft war en aktiv an der historescher Recherche engagéiert. Dat ass sichtlech schwéier ze verstoen, och wann et absolut kloer ass. Sigh! 2001:7E8:C049:6200:9C98:ABA9:362E:9228 16:51, 1. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]