Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Henri de Stein

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 6 Méint vum Zinneke

Hie war Här vu Veinau

Ech hunn zimmlech vill doruechter gesicht an näischt fonnt wat zu dem Veinau am Zesummenhank mat Lëtzebuerg géif passen. Wann ee vun engem Feeler um Graftsteen ausgeet, an unhëllt Veiane wier gemengt, da fënnt een och kee Resultat. Ech hu bis elo keen Dokument entdeckt an deem gesot gëtt e wier Här zu Veiane geschwiescht wat jo och onwarscheinlech ass, weel déi Veiner haten hire Grof. An engem Relevé vun 1771 gëtt en allerdéngs als Här vun Hierber a vu Mompech ernimmt. --Les Meloures (Diskussioun) 16:45, 17. Abr. 2026 (UTC)Äntweren

Moien, ech hat och e bëssen nogesicht a sinn och net méi wäit komm. Ech si mer emol net sécher, ob dee vum Grafsteen och deen de Stein ass, no deem zu Heeschdref eng Strooss genannt gouf, well ech do keen Zesummenhank konnt fannen. An ee Buch iwwer Steesel op eluxemburgensia kann ee just an der BNL selwer online liesen.--Zinneke (Diskussioun) 21:32, 17. Abr. 2026 (UTC)Äntweren