Diskussioun:Herzogtum Brabant

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut! Eng Fro zum Numm vum Baudouin, Grof vu Flanderen... Mécht dat Sënn, fir méi kathoulesch wéi de Poopst wëllen ze sinn? De verstuerwene Kinnek vun de Belsch ass bei äis ni anescht ewéi "Baudouin" genannt ginn. An an der historescher Grofschaft Flanderen (Gand/Gent, Bruges/Brugge, Ypres/Ieper, Lille...) gouf och, änlech wéi am ale Lëtzebuerg, "franséisch" geschwat (d.h. e romaneschen Dialekt aus Nordfrankräich...), ë. a. zu Lille (Rijssel fir déi, déi et onbedéngt mussen hunn) a ronderëm. Ech mengen net, datt et néideg ass, eng gewësse politesch-kulturell Ideologie (eben déi vu villen HAITEGE Flamen) an d'lb:Wikipedia eranzimportéieren, oder? Deemno: firwat "Boudewijn" ? Bei äis ginn d'Kanner schliesslech net Heinrich, Katharina, Reinhard oder Jacoba, mee Henri, Catherine, René a Jacqueline gedeeft. Bescht Gréiss, R.D.

Gouf problemlos an ouni weider Diskussioun geännert. --Les Meloures 22:46, 24. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]