Diskussioun:Holz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat soll dat, déi Homonymie mëscht kee Sënn. Bal all Artikel op der Wiki ass iwwert d'Material. Firwat ass dat dann ok fir Lëtzebuerg, an net fir Holz.?--Bdx (Diskussioun) 08:03, 8. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Remarque vum Bdx: ECH HUNN DËSE SAZ GESCHRIWWEN AN NO E PUER SEKONNEN ERËM GELÄSCHT, ÉIER IERGENDEEN KONNT DROP ÄNTWERTEN. DEN/D'Les Meloures HUET, MAT DER ARROGANZ A SELBSTGEFÄLLEGKEET, DÉI TYPESCH FIR HIEN/HATT ASS, DEE SAZ ERËM RETABLÉIERT, WELL HIEN/HATT GEMENGT HUET, E MISST AWER DROP ÄENTWEREN, OBWUEL DEE SAZ DU GUER NET MÉI DO STUNG. SÄIN ARGUMENT: Dikussioune ginn net ewech gemaach. NATIERLECH WAR ET DUNN NACH KENG DISKUSSIOUN, AN DE SAZ GOUF EWECH GEMACH FIR ENG DISKUSSIOUN, DÉI ZU NÄISCHT FÉIERT, ZE EVITÉIEREN. DEN/D'LES MELOURES HËLLT NATIERLECH AWER - A BESCHTER TROLL-TRADITIOUN - ALL ELEMENT ALS URSACH ZUR PROVOKATIOUN.

Moien, et geet drëm fir sech un eppes ze hale wat scho méi laang diskutéiert gouf an zwar de 27. Juni 2007. Wann déi Diskussioun denger Meenung no kee gutt Resultat hat, soll se frësch opgegraff ginn. A wann am Fong deng Iwwerleeung net falsch ass, dann ass d'Manéier nach ëmmer net déi richteg. Du fënns vläicht selwer eraus firwat. Wann net dann einfach nach eng Kéier hei froen an da gëtt et erkläert. --Les Meloures (Diskussioun) 08:23, 8. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Firwat ass dat dann ok fir Lëtzebuerg.
Ech verstinn déi Ausso net.
Fir Lëtzebuerg hu mer nämlech och iwwerall Homonymiesextensiounen Lëtzebuerg (Land) a Lëtzebuerg (Stad) Och wa s'a 458 Fäll net gebraucht goufen, mécht dat d'Saach net méi richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 08:41, 8. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]


Firwat de Bdx hei bläre kënnt[Quelltext änneren]

Moien,

Fir alleguer déi sech wëllen eng Meenung iwwer dem Benotzer Bdx säi Gebläers hei maache wëllen liwweren ech eng kleng Explikatioun iwwer dës Diskussioun déi der Meenung vum Bdx no keng sollt sinn. Ech leeën dofir eng kleng Chronologie vum Bdx sengen Aktiounen am Zesummenhank vun dësem Artikel un fir datt jiddwereen op ee Bléck ka gesi wat geschitt ass.

  • 27. Juni 2007 : No enger Dikussioun am Artikel vun der Uertschaft Rammerech goufe sech 3 Benotzer eens fir eng Homonymiessäit fir de Lemma Holz unzeleeën.
  • 8. Februar 2015 (08:38): Ouni e weidert Wuert Erklärung léisst de Benotzer Bdx, d'Homonymiessäit verschwannen an ersetzt se mat enger Artikelssäit.
  • 8. Februar 2015 (08 :58) : De Benotzer Les Meloures setzt d'Säit erëm an de fréieren Zoustand zréck.
  • 8. Februar 2015 (09 :03) : De Bdx leet eng Diskussiounssäit u mat der Bemierkung Säit ugeluecht mat: 'Wat soll dat, déi Homonymie mëscht kee Sënn. Bal all Artikel op der Wiki ass iwwert d'Material. Firwat ass dat dann ok fir Lëtzebuerg, an net fir Holz.?

Dropshin fänkt de Les Meloures un eng Äntwert ze schreiwen a wéi en se wollt publizéieren gouf et e Versiounskonflikt well de Bdx den Text an der Tëschenzäit geläscht hat mat der Bemierkung bréngt souwisou näischt.

  • 8. Februar 2015 (09 :14) : De Les Meloures dee seng Äntwert net wollt ëmsoss geschriwwen hunn publizéiert se a setzt fir datt et e Sënn gëtt dem Bdx seng Fro virdrun nees op d’Säit. E gëtt ausserdeem eng Explikatioun driwwer of firwat et déi Homonymiessäit gëtt, an e mécht de Bdx drop opmierksam. E konfirméiert him doriwwer eraus datt seng Iwwerleeung am Fong net falsch ass, a mécht just drop opmierksam datt déi Manéier wéi en dat gemaach huet net déi richteg war, an e stellt him eng Fro iwwer seng Ausso Firwat ass dat dann ok fir Lëtzebuerg fir déi ni eng Äntwert koum.
  • 8. Februar 2015 (16 :48) : De Bdx mécht nees e Revert mat der Bemierkung aus wéi engem Grond mengst de, ech hätt dat erëm ewéch gemaach?????????
  • 8. Februar 2015 (16 :56) : Déi Aktioun gouf vum Les Meloures zréckgesat mat der Bemierkung datt Diskussiounen net zréckgesat ginn.
  • 8. Februar 2015 (17 :04) :nees e Revert vum Bdx met der Bemierkung Et war nach keng Diskussion, well ech se no e puer Sekonnen erëm ewéch gemaach hunn, esou einfach ass dat
  • 8. Februar 2015 (18 :20) : vum Les Meloures zréckgesat mat der Bemierkung, datt wann dem Bdx d'Diskussioun net gefällt, da soll e froen fir datt se geläscht soll ginn.
  • 9. Februar 2015 (00 :26) : De Bdx kënnt blären a wéi schonn sou dacks mécht e Virwërf ech géif hie provozéieren en e bréngt mech nees mat senge beléiften Trollen a Provokateuren a Verbindung. Well dat net déi éischt Kéier ass wou hie mir Topegkeeten an d'Kopp gehäit hunn ech hien emol fir 3 Deeg gespaart.

Et gesäit een alt nees datt dee Benotzer nëmme mat Scheiklappen an impulsiv reagéiert, an Aktiounen ënnerhëlt, wéi en dat scho bei anerem Geréckels gemaach huet, an dann deenen anere Benotzer wëllt e schwaarze Péiter zouschousteren. En huet zwar duerno dem Mediateur héiflech Merci gesot, sech awer warscheinlech net iwwerluecht datt wann e keen onnëtzt Geréckels opgefouert gehat hätt, a sech net wéi de Geck un de Bengel gehaangen hätt fir en obsolete Lemma an d'Welt ze setzen, guer kee Mediateur gebraucht gi wier. Ech wëll mol guer net op déi aner komesch Behaaptungen déi en nach an Artikele gemaach huet agoen. Ech huelen mol un datt déi Leit déi hei seriéis matschaffen, déi och gemierkt hunn.

Wat hei falsch gemaach gouf wëll ech dann och nach séier erklären : Eng berechtegt Homonymiesäit gouf eidel gemaach an duerch eng Artikelssäit ersat, an dat ouni Rücksicht op d'Interwikilinken an ouni eng nei paralell Homonymiesäit unzeleeën, an e bësselchen op d'Manéier wéi wann deen, deen déi Säit ugeluecht hat, dat aus der Loft gegraff hat. Wat graff heescht datt engem anere Benotzer seng korrekt Aarbecht einfach an ouni en hallwe Su nozedenken , ignoréiert an zerstéiert gouf.

Wann dann de Bdx méngt, et wier keng Diskussioun do, well hie säi Geschreifs nees ewech geholl huet mat der Bemierkung bréngt souwisou näischt (wat och ëmmer e wollt domat soen), dann hat e sech geiert, well all Benotzer huet d'Recht fir op alles wat an Diskussiounssäite oder a Kommentare steet, z'äntweren. Wann engem dat net gefällt, da soll e keng Diskussioun ufänken an och keng Kommentaren an d'Welt setzen.

Wat de Lemma Holz contra Holz (Material) ugeet, grad sou wéi nach e puer anerer déi am selwechte Fall sinn, ka roueg fräi diskutéiert ginn an all Propose ass wëllkomm, awer et soll op d’mannst eng Annonce dofir entweder an der Dikussiounssäit vum Artikel mat Argumentatioun, an/oder mat Matdeelung um Staminet gemaach ginn, datt sou eng Diskussioun lancéiert gouf. Et bleift awer nach ëmmer beim Prinzip datt bei Decisiounen déi schonn eng Kéier vun enger Grupp Leit geholl goufen nees frësch soll decidéiert ginn.

Dann nach eng lescht Bemierkung : Wann de Bdx mengt et géif näischt bréngen, dann huet e sech alt nees eng Kéier geiert, well seng Bemierkung iwwer Lëtzebuerg huet mat sech bruecht datt an der Tëschenzäit bal iwwerall (eben sou wéi ech Zäit hat) de Link Lëtzebuerg op déi direkt Linke wéi 'Lëtzebuerg (Land) , Lëtzebuerg (Stad) oder Herzogtum Lëtzebuerg oder Gare Lëtzebuerg verbessert goufen. --Les Meloures (Diskussioun) 22:52, 10. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

ech wëll keen diskriminéieren[Quelltext änneren]

Déi Bemierkung weist alt nees datt de Bdx just kale Wand wëll maachen oder datt hien en Deel vum System net verstanen huet, well wann ech en Hatt oder fir hien dann nach ëmmer eng Si wier, da stéing a mengen Benotzernumm net Benotzer mä Benotzerin. A wann ech meng Astellungen net richteg gemaach hätt, da wier hien doutsécher de Leschte vun deem ech eng Opmierksamkeet am Sënn vum Gender géif verlaangen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:29, 11. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Interessant, interessant...[Quelltext änneren]

... wat esou am Kapp vun e puer Leit viru sech geet. Komm mir relevéieren dat essentiellt vun deem ganze Gebraddels do uewen:

  • Den/D'Bdx accuséiert den/d'Les Meloures (erëm), hien/si géif provozéieren an en/et bréngt e mat senge beléiften Trollen a Provokateuren a Verbindung
  • Den/D'Les Meloures spärt den/d'Bdx fir dräi Deeg mat der Begrënnung: "Beleidegt oder bedréit aner Mataarbechter: An ech well net nes eng Troll vernannt ginn". [Jo, et ass eng Beleidegung an eng Menace, eng Persoun Provokateur an HIERT BEHUELEN mat deem vun engem Troll ze vergläichen]
  • Den/D'Les Meloures stellt fest:
- den/d'Bdx reagéiert nëmme mat Scheiklappen an impulsiv
- hien/si wëll deenen anere Benotzer e schwaarze Péiter zouschousteren
- hien/si mécht komesch Behaaptungen
- hien/si schafft net seriéis matt ("Ech huelen mol un datt déi Leit déi hei seriéis matschaffen, déi och gemierkt hunn")
- hien/si denkt keen hallwe Su no
- hien/si ignoréiert an zerstéiert d'korrekt Aarbecht vun anere Leit
- hien/si wëll just kale Wand maachen
- hien/si huet en Deel vum System net verstanen
- hien/si huet absolut keng Manéieren, well hien d'Benotzer/innen op Wikipedia duuzt an net siizt, wéi den/d'Les Meloures mat senger/hirer gudder Erzéiung dat mécht.
  • Den/D'Les Meloures investéiert seng Zäit, andeems hien/si iwwerall eppes verbessert, wat duerch ee Kommentar, deen den/d'Bdx an d'Welt gesat huet, relevéiert gouf.

Mir hale fest: Den/D'Bdx ass e geféierlechen, destruktiven, asozialen, topegen an domme Mënsch, deen déif a sengem Geescht gestéiert ass. Hien schéngt och nach paranoid ze sinn, well hie behaapt, hie géif zanter Woche vum/vun der Les Meloures schikanéiert ginn, deen/déi dat esouguer mécht andeems hien/si sech net aloggt an hanner IP-Nummere verstoppt, déi hien/si permanent wiesselt.

RECOMMANDATIOUN VUN DER JURY: Et ass dem/der Les Meloures net zouzemudden, datt hien/si esou eppes muss mat maachen. Den/D'Les Meloures huet ëmmer an iwwerall Recht an säin/hiert Behuelen ass ëmmer an iwwerall impeccabel. Hien/si ass absolut kritikfäheg, dialogbereet, trëfft ëmmer de richtegen Toun, fir mat deenen anere Benotzer/innen ze kommunizéieren a reagéiert ni impulsiv. Duerfir: De Benotzer Bdx direkt spären an alles, wat hien/si geschriwwen huet, an deene Beschten Delaie läschen.

--Bdx (Diskussioun) 17:22, 13. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]