Diskussioun:Hubert Clement

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Hubert Clément)

Moien,

Am Artikel steet: Deputéierten vun 1946 bis 1951.

E gouf awer 1945 als fréieren Deputéierten an d'Assemblée consultative genannt. Demno misst e schonns virum 12. Mäerz 1945 eng Kéier Deputéierte gewiescht sinn.

Wie weess méi doriwwer. Les Meloures 18:55, 11. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hunn et da lo fonnt, den 3. Juni 1934 ass am Osten an am Süde gewielt ginn, do war hien dobäi. 1937 waren dunn, zesumme mam Referendum, d'Walen am Zentrum an am Norden. Da misst et deemno am Artikel "...Deputéierte vun 1934 bis 1951" heeschen, richteg?
Ma wat den "é" ugeet fannen ech just "e" zu senge Liefzäiten - 't kennt engem bal vir wéi wann deen "é" nom Begriefnes vum Himmel gefall wier... --Jwh (Diskussioun) 22:56, 1. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Ech hunn e puer genealogesch Recherchen iwwer den Hubert Clement gemaach fir erauszefannen, wéi den Numm da richteg geschriwwe gëtt. Um Gebuertsschäin zu Paräis ass e vun enger Hiewan ugemellt ginn als Jong vun der Marie Clément (Papp onbekannt). D'Fransousen hunn den Numm natierlech no der franséischer Schreifweis geschriwwen. Wéi en 1913 zu Esch bestuet gouf hu se déi selwecht Schreifweis um Hochzäitsschäin iwwerholl well se warscheinlech och eng Kopie vum Gebuertsschäin vu Paräis haten, allerdéngs sinn d'Ënnerschrëfte vum Hubert a senger Mamm um Schäi ganz kloer ouni Accent. Op den Doudesannoce steet den Numm och ouni Accent. Fir mech ass et domat zimmlech kloer datt d'Famill selwer den Numm ouni Accent geschriwwen huet, den Numm gouf zu Paräis falsch geschriwwe well bei der Umeldung keen dobäi war deen et besser wousst. MMFE (Diskussioun) 10:51, 2. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Merci fir deng Recherche. Fir de Franz Clement misst et da jo bal d'selwecht sinn. Wéinstens mengt de Luxlex dat. Hues de do och vläicht eng Dokumentatioun? --Les Meloures (Diskussioun) 11:01, 2. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dat elo och nach nogekuckt. Um Gebuertsschäin vum Franz Clement ass den Numm ouni Accent geschriwwen an och d'Ënnerschrëft vum Papp (Theodor Clement) ass ouni Accent. Grad esou ass et um Hochzäitsschäin an um Gebuertsschäin vu sengem Papp. Och um Gebuertsschäin vun der Marie Clement, der Mamm vum Hubert Clement, ass den Numm ouni Accent geschriwwen.MMFE (Diskussioun) 11:57, 2. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Merci da réckelen ech deen och --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 2. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
Gutt Recherche! Ma wann de Lycée dat gewuer gëtt... --Jwh (Diskussioun) 17:14, 2. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]