Diskussioun:Huldang

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Buergplaz zu Huldang, déi héichste Plaz am Land ?[Quelltext änneren]

Op der Websäit vun der Gemeng Wäiswampech steet effektiv: "Huldange s’étire au pied du Burrigplatz, qui, à une altitude de 559 m, est le point culminant du Grand-Duché."

http://www.troisvierges.lu/Default.aspx?view=folder&id=f390a332-ad29-42f1-8062-e04e6ebebe9b

Nom STATEC ass déi héichste Plaz am Land awer zu Wilwerdang/Kneiff (e Lieu-dit am Bësch?) mat enger Héicht vun 560m! ( Do steet awer secher keen esou schéinen Aussiichtstuerm :-) )

http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=1011

Wann ëppes bei "Huldang" verbessert gëtt, misst een dat och hei maachen:

Fliedermaus 16:02, 30 Mee 2006 (UTC)

Ech kommen zwar elo net op déi Websäit ("Page non accessible L'application d'affichage dynamique des tableaux statistiques est passagèrement non accessible. Veuillez réessayer dans 30 minutes.

Merci de votre compréhension.") Déi wäerte jo lo net dru fummele goen!??
Ech hunn elo op der Topographescher Kaart gekuckt. Jo, d'Buergplaz steet do mat engem Meter manner. Ech erënnere mech nach datt virun enger Zäit den Napoleonsgaart mat der Buergplaz konkurréiert huet. Op der Buergplaz steet e Schëld mat der "geneeër" Héicht op eng Plaz hanner dem Komma!! (Ech fannen am Ament déi Foto net erëm). Den "Aussiichttuerm" ass leider keen!! Deen ass mat Reedel a Klauschter geséchert. Wat ech komplett mëll dru fannen: Datt hei am Land net alles ass wéi et schéngt ass gewosst, mee dat mer eng Plaz hunn, déi méi héich ass wéi déi, déi am héichsten ass, dat gefält mer. Mer kommen banne kuerzem drop zréck. Ech froen no, ob déi Ëlwener Gemeng net mat engem Camion Buedem op Plaz fueren. --Cornischong 16:55, 30 Mee 2006 (UTC)

De Link mat de Fotoen[Quelltext änneren]

Léif Leit. No mengem Agrëff war de Link op d'Fotoe vun Huldang fort. Ech wollt deen net läschen. Wouhir dann och? Glécklegerweis huet nees een en dragesat. Virun enger Stonn hat ech op der Aline Mayrisch-Diskussiounssäit hanner mengem "Interesant" d'Serverzäit stoen!!! Op der "Rezent Annerungen"-Säit stoung natierlech déi richteg. Lästeg, lästeg! --Cornischong 16:30, 13 Juni 2006 (UTC)

Huldang ass déi nördlechst geleeën Uertschaft[Quelltext änneren]

Soll dat alt stëmmen ??? gefrot vum Les Meloures -- Jo. Kuck der eng Kaart un da wees de't. 90.129.13.166 12:41, 23. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]


Do huet wuel een eng falsch Kaart mat 20 Méint no der Fro erwëscht. D'Schmëtt ass déi nërdlechst Uertschaft. Dat gouf och am Dezember 2006 verbessert. Koordinaten: 50° 10’ 50’’ N 06° 01’ 26’’ O
Les Meloures 23:25, 23. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]