Diskussioun:JCJ

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hallihallo,

Daer kennt mech secher schon :)

Kann ech w.e.gl. konstruktiv Kritik kreien. Den Redirect ass jo awer keng schlecht Saach an daer kennt maer net soen dass dat net heihinner passt. Esouwuel deen fir JCJ wei deen vun Jean-Claude Junker sin an mengen Aen redirecten dei den Leit kennen eng Siich vereinfachen.

Ech hun mech getraut elo nach een Redirect ze maachen, zielen schon d'Minuten bis en erem fort ass...

Giff mech freen elo eppes positives ze heieren ee dass ech daer ganzer Saach den Reck dreinen an bei d'Englänner gin. Do kann ech dann the Rise and Fall vun der lb Wikipedia documenteieren....

Mat beschten Gréiss,

Weiderhin anonymen Wiki-User


  • Firwaat gouf main Redirect vun geschter geläscht? JCJ ass eng Oofkierzung fir eisen aktuellen Premier. Ech hun et um Radio heieren an interessant fond dass sie dei Oofkierzung do benotzen an geduert dass d'Leit et awer net all kennen. Perseinlech kennen ech deen Ausdrock haaptsächlech aus dem Superjemp :)


"Ech hun et um Radio heieren": Tjëftnamol, dat ass eng Referenz. Wien dee Radio ass, geet eis jo näischt un. Eisem Noper säin Dackel nennt de Mann ëmmer "eise Jangklod", well, dat musst de lo awer net weidersoen, deen (eisem Noper säin Dackel) hat eng kuerz Affär mat deem sengem schwaarzen Hond. Nëmme gutt, datt dat net "um Radio" koum, soss miste mer dat och hei draschreiwen. An anere Wierder: Net alles, wat "um Radio" gebraddelt gëtt, huet hei eppes verluer. --Cornischong 08:38, 22 Juni 2007 (UTC)


Gudde Moien
Eng weider Erklärung.
Wa mer vu jidderengem sengem Numm hei Ofkierzungen drasetzen wou kee Mënsch weess weem senger Phantasie déi entspronge sinn dann hu mer geschwë keng Plaz méi fir Redirecten vu Ofkierzungen déi a Siglen ze fanne sinn an déi jidderengem bekannt sinn wéi AEG z.B.
Redirecte gi gemaach fir d'Sich no engem Artikel méi einfach ze maachen, an net fir Saachen déi en eng Kéier op Gott-weess-waterengem Radio héieren huet.

Les Meloures 08:48, 22 Juni 2007 (UTC)


E Redirect bei Akronymen ass do, fir vun engem bekannte "Sigle" op en dacks manner bekanntent oder méi ëmständlecht "richtegt" Lemma virunzeleeden. Beispill Nato: Jidderee kennt den Akronym, mee ob dat elo "North Atlantic Treaty Organisation" oder "Northern Atlantic..." oder ..."Organization" heescht, ass net esou evident.
D'Wikipedia ass vum Konzept hir eng Enzyklopedie, dh se beleet Fakten, net Meenungen oder Privatvuen. Wann "de Radio" (watfireen? watfireng Emissioun?) e Spëtznumm fir eng Persoun erfënnt, ass dat net "faktesch", et sief, déi Persoun giff sech selwer och ëmmer esou nennen (da wir et e Pseudonym) oder den Numm géif reegelméisseg als Synonym an anere Medie gebraucht ginn, asw. Beispiller dofir wieren zB de Bim Diederich, de Jemmy Koltz oder de Baru.
Bis dohinner sollte mer dat mat deem ge-JCJs op der Säit loossen, ier nach ee kënnt, deen dem Feirkrop seng Vernennnimm hei eraknätzele wëllt, "well dat esou an der Zeitung stoung" a well et "méi einfach" wier, ënnert "Quasselborn" op der Wiki ze sichen...
--Zinneke 12:11, 22 Juni 2007 (UTC), mat Grouss op d'en-Wiki.

Gudde Moien nach eng Kéier

De Redirekt vu Vianden ass korrekt

Bei JCJ kommen en etlech Saache a Fro op déi de Redirect kéint gemaach ginn a wou et doutsécher méi Sënn ergëtt wéi bei dem Jean-Claude Juncker.

Do gëtt et z.b. Japaneese Congress of Journalists (JCJ) an nach en etlech anerer. Wa mer hei mat Redirekte vun Ausdréck ufänken déi irgendeen eng Kéier op engem Radio héieren huet da musse mer geschwënn 100 Homonymiessäiten uleeën fir Ofkierzungen a Redirekten dovunner ofgesinn dat dat technesch iwwerhaapt net méiglech ass. De Mann huet jo een Numm an him geet dat och warscheinlech déck duer. Les Meloures 12:26, 22 Juni 2007 (UTC)