Diskussioun:Jacques Poos

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eclat mam Tageblatt 2013[Quelltext änneren]

Fannen deen "Eclat" e bëssen iwwerproportionéiert. E wäert a senger Carrière jo bestëmmt nach aner Saache gesot hunn, déi fir méi Opreegung gesuergt hu wéi dat do.--Bdx (Diskussioun) 14:27, 6. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, ganz Denger Meenung. Dëst ass eppes, wat am Moment, wou et geschitt ass, Welle geschloen huet, sou datt et vun engem Mataarbechter hei agesat gouf. D'Konscht ass et, dat esou ze schreiwen, datt et proportional zum Rescht ass: An den 1970er Joren, déi eng politesch 'animéiert' Zäit waren, gouf et bestëmmt Kierfweis Virwërf vun deem Kaliber, u wien a vu wiem och ëmmer. D'Fro ass, wéi een déi Proportiounen hei an de Lot bréngt: Andeems een den Artikel ausbaut, an dem Poos säi Liewen en detail hei beschreift? Ma dofir misst et emol eng Biographie vun him ginn. Oder dee Virfall op ee Saz reduzéiert oder ganz ewech léisst... --Zinneke (Diskussioun) 16:07, 6. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]