Diskussioun:Jean-Henri-Guillaume Krombach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

1830 oder 1850 Lëtzebuerger ?[Quelltext änneren]

Dem D. Kintgen (Text S. 98) no gouf de Jean-Henri-Guillaume Krombach schonn duerch e Kinnegleche Beschloss vum 1. Oktober 1830 Lëtzebuerger. Wéi ass dat ze verstoen datt en 1850 duerch e Gesetz d'Lëtzebuerger Nationalitéit krut, esou wéi et am Mémorial ze liesen ass. Huet een eng aner Quell fir dat vun 1830 nozekucken? --Fliedermaus 13:46, 2. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,
Dat kéint beim Kintgen en Drockfeeler sinn. D'Gesetz iwwer d'Naturalistioun ass eréischt 1848 erauskomm.
Loi concernant la naturalisation (du 12 novembre 1848, n° 2).
Ech menge mer kënnen dem Mémorial trauen :-)
Les Meloures 14:27, 2. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,
De Kintgen seet och e wier Apdikter zu Dikrech gewiescht. Am Mémorial gëtt en zesumme mam Henri Krombach zu Ettelbréck gefouert.
Liste générale des personnes autorisées à exercer un branche quelconque de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache
Les Meloures 14:42, 2. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]