Diskussioun:Jean-Marie Triffaux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ass Titulaire vun enger (zweeter) licence en histoire

Kann een äis soen wat dann do den Ënnerscheed ass.? --Les Meloures (Diskussioun) 04:43, 30. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Bonjuer,

A Frankräich gouf et laang de System, nodeem een an 2 Joer den DEUG (diplôme d'études universitaires générales = "Vordiplom") an an 2 weidere Joeren d'Lizenz gemaach huet. Ee "licencié en histoire", z. B., hat deemno 2 universitär Studienzyklen ofgeschloss. An de 70er Joren gouf dann dat 4. Joer "Maîtrise" genannt, an dat 3. Joer huet du mat enger Lizenz opgehéiert déi als Virbreedung vun der Maîtrise gedéngt huet. De volle Studium huet lo deemno zur Maîtrise geféiert.

An der Belsch (awer och am Québec oder an der Schwäiz) gouf et bis zum sougenannte Bolognaprozess 2 Joer "Kandidaturen" (= "Vordiplom") an 2 Joer "Lizenzen" ("1ère licence" + "2e licence"), deemno och 4 Joer am Ganzen. Mee den Ofschloss huet weiderhi "Licence" geheescht. Et gouf awer kee "licencié" (dt. "Lizenziat") genannt, deen net 4 Joer gepackt hat an, am Fong, dat selwescht erreecht hat, wéi de Student mat enger franséischer "Maîtrise".

Fir ervirzesträichen, datt de J.-M. Triffaux 2 komplett Zyklen op der ULB gemaach huet, an domat ee volle Studium opzeweisen huet, soll ee roueg soen, datt e seng [2.] Lizenz gemaach huet. Da versteet och deen, deen nëmmen an der franséischer Realitéit doheem ass, wat hei gemengt ass. - R.D.