Diskussioun:Jean Calvin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eis an äis ass net datselweschet![Quelltext änneren]

Eis Mamm huet äis (ÄIS!) gesot, datt et Leit gëtt, déi an der lb.wikipedia eenzeg an eleng entscheeden, wat richteg oder falsch ass, och wann se absolut net dofir qualifizéiert sinn. Op Däitsch ass et och net anescht: Unsere Mutter hat uns gesagt... - à bon entendeur, salut! V.B. 2A01:CB10:8044:A000:885C:CEE1:918C:8DC7 06:45, 31. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Da gëtt et och Mammen déi hire Kanner gesot hunn datt se sollen an en Dictionnaire kucke goen ier se anzwousch anescht iwwer d'Leit hierzéien. --2A02:A03F:A199:6C00:84EF:2E76:1646:C9B0 06:53, 31. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]
Moien Dir Zwéin, geet et och e Krack manner hëtzeg? Effektiv gëtt et e grammatikaleschen Ënnerscheet tëscht dem Reflexiv- an dem Possessivpronomen, an et kann ee fir éischtgenannten "äis" oder "eis" soen, fir deen zweeten awer just "eis". Allerdéngs tendéiert d'Sproochpraxis dozou, dass "eis" méi dominant ass, an deen Ënnerscheed lues a lues um Verschwannen ass. Wat "richteg" oder "falsch" ass, ass deemno net esou einfach, festzestellen ... --Zinneke (Diskussioun) 08:06, 31. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]
PS: Wat dat elo mam Jean Calvin soll ze dinn hunn, bleift mer allerdéngs e Rätsel. Z--
Moien och,
Do hu mer dann awer e Probleem
1) de Saz am Artikel ëm deen et hei geet: nom Calvin huet den Härgott zanter aller Éiwegkeet jiddweree vun äis virausbestëmmt,
2) Am Saz vun der Diskussioun hei: Eis Mamm huet äis gesot
Sou wäit wéi meng grammatikalesch Kentnesser ginn ass et a kengem vun den zwéi Fäll e Reflexivpronomen. --2A02:A03F:A199:6C00:51F5:3C6F:CA94:789 19:50, 31. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]