Diskussioun:Jean Regenwetter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

"vun 1977 bis 1989 President vun der Aarbechterkammer" steet am Artikel. Am Luxemburger Lexikon (S. 357) ass dat zwar och esou ze liesen ("1977-1989 Präs. der Arbeiterkammer"), mee am Artikel Chambre de travail taucht hien net an der Lëscht vun de Presidenten op. War hie vläicht Direkter vun der Aarbechterkammer? Esouvill ech an Erënnerung hunn, hat hie mol eppes mam Formationsinstitut (Ecole supérieure du travail?) zu Réimech ze dinn (als Direkter?). Leider hunn ech bis elo näischt iwwert seng Aktivitéit bei der Aarbechterkammer fonnt. Huet eventuell soss ee weider Informatiounen?--Fliedermaus (Diskussioun) 17:26, 9. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien och,
An dësem PDF gëtt emol gesot hie wier de President gewiescht. http://www.adr.lu/wp-content/uploads/2012/11/25-Joer-ADR.pdf
--Les Meloures (Diskussioun) 18:13, 9. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, vläit huet den ADR 2012 bei der Wikipedia geluusst, well vru Wikipedia-Zäite war hien och nach no hinnen Direkter vun der Chambre du travail. An esou mengen ech mech och ze erenneren... Dovunner ofgesinn ginn déi Archiver munches Brauchbares eraus. --Jwh (Diskussioun) 20:42, 9. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]