Diskussioun:Jerrican

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Brachwarnung[Quelltext änneren]

D'Verschlëmmbesserer siefen elo schonns gewarnt: Et ginn net vill Artikelen op de Wikien, déi an deene verschiddene Sproochen sou e Brach vu sech ginn wéi am "Jerrican"-Artikel, an dat ouni iergendee Beweis. Eng Kéier sinn et d'Italiener, déi aner Kéier déi Däitsch, déi dat Déngen erfonnt haten. Op der en-Wiki ass et natierlech eng supergeheim Saach, an där e gewëssen Hitler seng Fangeren am Spill hat ("The jerrycan was invented by the Germans during a secret project ordered by Hitler"). An der en-Wiki geet Rieds iwwer "According to the Webster's New World Dictionary, the origin of jerrycan is Jeroboam+Can Jeroboam being either the first king of Israel from 1 Kings 11:26-14:20 or a large wine bottle for holding champagne". Dat mécht natierlch gutt, well et ëm Schampess geet a well de Webster ernimmt gëtt. Dat ka kaum sinn, well deen décken, "richtege" Webster, den "Webster's Third New International Dictionary" ( de New World hunn ech net) hält d'Bibelspréch do eraus. Deen nennt et Jerrican an net Jerrycan. --Cornischong 23:10, 8. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]