Diskussioun:Jesús Moncada

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mär sinn e puer Saachen net kloer no de "Verbesserungen": "deen op [[Katalanesch]] geschriwwen ..": do gëtt Katalanesch tëscht eckeg Klamere gesat. Bei der mé grousser Lëscht " Däitsch, Englesch, Aragonesesch, Dänesch, Slowakesch, Sloweenesch, Spuenesch, Franséisch, Galizesch, Hebräesch, Ungaresch, Italieenesch, Japanesch, Hollännesch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Russesch, schweedesch a Vietnameesesch." ginn d'Sprooche net tëscht eckeg Klamere gesat. An der Lëscht um Site (Obres traduïdes) stinn ënner aneren: "Anglès Aragonès Castellà Danès ". Dorauser gëtt: "Englesch, Aragonesesch, Dänesch, ..". Klärt mech op. Merci --Cornischong 20:22, 14 Jun 2005 (UTC)

bon, 't ass net fir ze wäit sichen ze goen, ech hat just geduet (an deene puer sekonnen, wou d'"ännere"-fënster op woar, fir d'joer bäizesëtzen), dass e katalaneschen auteur och e link op dës sprooch kinnt hunn...

Z. --20:35, 14 Jun 2005 (UTC) (an ech hat "spuenesch" hannert "kastilianesch", well dat dach méi geleefeg ass...)

Jo, u sech kéint een och an deer méi grousser Lëscht alles Wikifizéieren. Ech perséinlech wollt mer net déi Oarbecht maachen, well duerno souwisou just alles rout gewiescht wier, mee prinzipiell hunn ech guer näicht dergéint. Par contre hunn ech an der Lëscht op der ca-wiki net "Anglès Aragonès Castellà Danès " fonnt, mee "anglès, aragonès, danès". Op deen externe Link war ech leider net kucken. Elo gesinn ech, datt déi do e "Castellà" hunn. Weem soll ech elo gleewen, deem externe Site oder der ca-wiki? Wann s de mengs, den externe Site hätt Rescht, da misst nach an eis Lëscht "Spuenesch" derbäikommen (der de-wiki no gebrauche mer net wéi a Spuenien, an och do just heiansdo an a spezifesche Kontexter, dat "Castellà"). --Otets 22:21, 14 Jun 2005 (UTC)