Diskussioun:Jodhpur-Stiwwel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gëtt et Stiwwelen déi net méi héich wéi den Enkel ginn? Myriam 14:38, 1 Februar 2006 (UTC)

Myriam, dat gëtt e Patt! Do ginn et der, déi iwwersetzen egal wat aus der däitscher Wiki! (Der Jodhpur-Boot... ist ein überknöchelhohes Stiefelmodell mit flachem Absatz,..) --Cornischong 14:46, 1 Februar 2006 (UTC)
A fir de Fußknöchel huelen se dann dat bescht wat mer am Ament vu Wierderbuch hunn (hm!) D'Myriam huet natierlech nees 123,5 % Recht. --Cornischong 14:50, 1 Februar 2006 (UTC)

D'Myriam seet Merci fir d'Blummen an de Patt ;-)) Iwwregens beim Artikel iwwert de Schong mat héijem Tallek kann een och vill bäiléieren ;-) Myriam 14:56, 1 Februar 2006 (UTC)

Bäischreiwen, Myriam, bäischreiwen! Looss mer deenen Aneren och eng Chance ginn! "Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert dësen Artikel ze kompletéieren."! Ech hat nach keng un!! --Cornischong 15:06, 1 Februar 2006 (UTC)
Ech weess, wollt dech just e bëssen zéien ;-) Myriam 15:10, 1 Februar 2006 (UTC)
Gudde Moien
Ech hunn emol den Historik hei nogekuckt. Am Ufank stoung Knéchel do amplaz Enkel. Wat war dodrunner falsch ?. Les Meloures 11:00, 27 Juni 2007 (UTC)
De groussen Dictionnaire erzielt eis bei "Knéchel": "Hand-, Fuß-, Fingerknöchel" an den 2. Sënn ass "der engere, knochige Teil des Schinkens" - dafür häufig "Héiss". Wa mer eis also un de Knéchel hale wëllen, da kann et nach flott ginn.

Datt mer elo Enkel als Kandskand gebrauchen, ass eng Konzessioun, déi mär guer net läit. --Cornischong 12:02, 27 Juni 2007 (UTC)

Nach dëst:Am Engleschen ass dat eent en knuckle an dat anert en ankle, am Däitschen ass et "Fußknöchel" a "Fingerknöchel". Nenne mer dann elo bei eis déi zwéi "Knéchel"? An dat alles, fir eist Krypto-Preisescht "Enkel (Bomi)" ze schounen? --Cornischong 12:14, 27 Juni 2007 (UTC)
Vläicht kann ee mer erklären, firwat et "Knéchel" wier, an net "Knëchel". Merci am Viraus. --Cornischong 12:22, 27 Juni 2007 (UTC)

Salut,

Ech hunn emol Knéchel geschriwwen well et esou am DFL steet. Mat Knëchel hätt ech ee Problem well do d'Betounung zum ö tendéiert mir awer keen ö ausschwätzen wéi a gëtt oder Lëtzebuerg. Wéi ech gesinn, mécht ee klengen Ulaf an der Anatomie schonns schéi Kappzerbrieches. Wat gëtt dat eréischt wann e méi komplizéiert gëtt. :-))

Les Meloures 13:19, 27 Juni 2007 (UTC)