Diskussioun:Juddekiischt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann ech héieren Atropa, huet dat eppes mat Atropin ze din a Belladonna? Myriam 21:32, 27 September 2005 (UTC)

War et mer, wéi wann ech dat am Text gesinn hätt?: "ass den Alkaloid Atropin an domat ..." an "Atropa bella-donna: Schwaarz Juddekiischt" :-) --Cornischong 21:41, 27 September 2005 (UTC)

Du hues natierlech mol rem rescht. Mee dovun ofgesin mol get Atropin jo och an der (wéi heescht dat?) Aemedizin benotzt, d.h. wann den Aedokter d'Aen wëllt ennersichen verschreiwt en oft Atropin (3 Deeg am viraus ze huelen) fir d'A ze ennersichen. Myriam 21:47, 27 September 2005 (UTC)

Den Atropin hält d'Pupill eng Zäitchen op, esou kann den Aendokter den Aenhannerfrond kucken. Wier dat net de Moment, fir de Rescht vum Artikel aus der däitsche Wikipedia z'iwwersetzen?? D'Mënschheet seet Merci. --Cornischong 22:01, 27 September 2005 (UTC)

Juddekiischt : Physalis / Atropa[Quelltext änneren]

Laut dem H. Klees (Luxemburger Pflanzennamen, 1994) gëtt de Numm "Juddekiischt" fir 2 Planzenarten gebraucht : (1) Physalis alkekengi L. (S. 45, Nr. 462); (2) Atropa belladonna L. (S. 97, Nr. 996). Den Edmond J. Klein (Flora der Heimat, 1897) gebraucht deen Numm och fir déi zwou Arten. ( S. 63, S. 387). Eng änlech Situatioun wéi am Lëtzebuergesche gëtt et och am Däitschen, wou Physalis alkekengi ë.a. och Judenkirsche genannt gëtt ("Jodenkerse" zënter 1492 a "Judenkirsen" zënter 1500 beluegt) (Marzell, Wörterbuch der deutschen Pflanzennamen, 1977, Bd. 3, S. 706-713). Fir Atropa belladonna zitéiert de Marzell (op. cit., 1945, Bd. 1, S. 515-523) : "Judenkirsche", "Juddekîscht" (Luxbg. Wb.), "Juddekersche" (Pfalz), etc.

Am modernen Däitschen gebraucht de Marzell "Tollkirsche" fir Atropa belladonna a "Judenkirsche" fir Physalis alkekengi. Ënner dem Stéchwuert "Judenkirsche" verweist de Brockhaus op "Blasenkirsche" (Brockhaus-Enzyklopädie, 19. Aufl., Bd. 11, S. 241) an do fënnt een als Synonym "Judenkirsche" (Brockhaus-Enzyklopädie,19. Aufl., Bd. 3, S. 387) ; d’Physalis alkekengi heescht do "Lampionpflanze", vgl. Klees, op. cit. : "Juddelanter", "Lampionsblumm". De Schmeil-Fitschen (Flora von Deutschland und angrenzender Länder, 93. Aufl., S. 460) gebraucht de Numm "Judenkirsche" fir d'Gattung Physalis an "Tollkirsche" fir d'Gattung Atropa.

Ech perséinlech hunn de Numm « Juddekiischt » ëmmer nëmmen op d’Physalis bezunn, ni op d’Belladonna. Ob een deen Numm iwwerhaapt als Haaptstëchwuert soll benotzen, dat ass eng aner Fro. Wa jo, dann éischter fir Physalis alkekengi, wéi fir Atropa belladonna . Oder mindestens op d'Synonymie hiweisen… — Celsus 11:38, 25. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]