Diskussioun:Juddentum

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel gouf am Kolléisch vu Schüler vun enger 3e am Kader vum Reliounsunterrecht virbereet. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:36, 28. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

All Respekt! Ech hoffen, d'Suite vun der Geschicht kënnt nach no :-) --Zinneke (Diskussioun) 16:16, 28. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Jo, et ass nach e Koup Material do fir mar --Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:35, 28. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Bravo Sultan, dat ass méi sënnvoll wéi Seechen erzielen. Dat misst nach méi breed an d'Schoulen agefouert ginn, sou wéi dee Projet op der Uni. --Christian Ries (Diskussioun) 19:44, 28. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Artikel Juddentum (zu Lëtzebuerg)[Quelltext änneren]

Moien, nach eng Kéier merci un de Sultan a seng Troisième. Well dee gréissten Deel iwwer d'Geschicht vun de Judden zu Lëtzebuerg geet, meng Fro: Solle mer net déi Partie an en eegenen Artikel Juddentum zu Lëtzebuerg eriwwerkopéieren? A méich et dann nach e Sënn, en eegenen Artikel Shoah zu Lëtzebuerg ze hunn? Ech giff soen, neen, dat gëtt am Geschichtsartikel ausféierlech behandelt. Wat mengen déi aner? --Zinneke (Diskussioun) 13:19, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, et misst en eegenen Artikel Juddentum zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn, an op där geeegenter Plaz e Link erasetzen {{MéiInfo 1|Shoah zu Lëtzebuerg}}. --Christian Ries (Diskussioun) 13:36, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci fir de Merci. Ech ginn e weider. Et bleiwen nach eng Rëtsch weider Elementer an der Virbereedung. An den nächsten Deeg kommen ech awer net derzou, déi an den Artikel anzebauen. Ech schloen dofir vir, bis Enn vun der nächster Woch ze waarden. Da gesi mer besser, wéi den Artikel dann ausgesäit a wat fir Deeler besser an engem eegenen Artikel wieren. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:26, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Hir Presenz gouf och zu Neuerburg(1309), Iechternach a Liesse (1332), zu La Roche-en-Ardenne (1333), zu Damvillers (1345/47), ewéi zu Bitburg (1334) a Baaschtnech (1353) dokumentéiert.

All déi Uertschaften leien no ronderëm Lëtzebuerg. Just Liesse ass néirens opzedreiwen. Kann et sinn datt dat e Schreiffeeler ass? --Les Meloures (Diskussioun) 13:35, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Kéint et Ließem (Äifelkrees Béibreg-Prüm) sinn?--Fliedermaus (Diskussioun) 13:48, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Dat géif schonn eenegermoosse passen, et kéint awer och Lesse sinn, dat läit net wäit vu La Roche, mä vläicht wëssen d'Auteure vum Artikel méi genee ëm wat et geet. --Les Meloures (Diskussioun) 14:13, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci fir dat preziist Noliesen. et handelt sech en effet ëm Ließem (Äifel), wéi d'Fliedermaus et scho gesinn hat --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:12, 30. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Gréiwemaacher[Quelltext änneren]

Moien,
Zu Gréiwemaacher gëtt et e jiddesche Kierfecht direkt op der däitscher Grenz.
Da misst dee jo praktesch an de Musel leien.??
--Les Meloures (Diskussioun) 08:23, 6. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
;) ass verbessert! Interessant ass awer och, datt am CSV-Walprogramm fir d'Walen vum 9. 10. 2011 op Säit 23 ze liese steet: "La revalorisation du cimetière juif comme élément du patrimoine culturel local." Weess een, ob dee Programmpunkt ëmgesat gëtt oder ass? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 10:28, 6. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Nach eng Foto[Quelltext änneren]

Moien,

Hunn nach dës File:Al_SynagogueLux_Nazidefile.jpg Foto opgedriwwen. --Jwh (Diskussioun) 08:43, 6. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Aaner Bedeitung (Judd mat Gaardebounen)[Quelltext änneren]

Am Artikel fehlt nach e Link op Judd als Bezeechnung fiir daat Fleesch. (Iwwreiens: Heescht daat esou, well et e jiddeschen Uursprung huet?) — 81.173.170.80 02:25, 26. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]