Diskussioun:Köppchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Koeppchen gouf op Köppchen geréckelt (wéi op der topographescher Kaart)": Hei gëtt all gudden Dag no neien originelle Referenze gesicht. Nodeems de Kadaster virun zwee Joer endlech ugefaangen huet, déi preisophonesch Nimm aus der Welt ze schafen, geet et elo hei an déi aner Richtung. Déi, déi eppes vun der 1999er Schreifweissreegelung matkruten, wëssen, datt de kuerzen, déiwen a betounten "ö"-Laut ë geschriwwe gëtt. --Cornischong 17:25, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend emol fir bei der vill reklaméierter Héiflechkeet ze bleiwen.
Dat ass natierlech gewosst dat den ö soll ë geschriwwe ginn. Ech war mer deeës och bewosst éier ech geréckelt hunn. Ech hu mech beim Réckelen fir den Numm vun der topographescher Kaart decidéiert, well dat déi eenzeg Referenz ass déi fir den Ament zur Verfügung steet.
Den Artikel heescht elo wéi de Flouernumm op der topographescher Kaart uginn ass. Dat ass emol den Numm wéi jidder Mënsch en op der topographescher Kaart erëmfënnt. Dat kann een op dëser Websäit nokucken http://gis.eau.etat.lu/website/wasserlux/viewer.php?lang=fr .
Virdrun huet den Artikel Koeppchen geheescht. Ech froe mech: Fir wat?. Vläicht well de Cornischong deen elo hei nom ë reklaméiert deen Artikel mat oe ugeluecht hat. Hat hien déizäit nach näischt vun der 1999er Schreifweisreegelung déi en elo reklaméiert matkrut. Oder op watereng originell Referenz, hat hie sech baséiert?
Les Meloures 19:36, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]