Diskussioun:Kapell Riedgen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

De Mattäus steet an der Mamer Kierch als Mathäus. Ass dat en aneren? Les Meloures 21:53, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Rebonjour

Déi haiteg Kapell zu Riedgen ass 1872 gebaut ginn an ass dem Apostel geweit, deem säi Fest op den 3. Juli fält.

Wat kritt ee wann een erausfënnt wateren Apostel dat ass. :-))) ? Les Meloures 22:05, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Nach en Belotte

Hei hu mer de Johannes verlinkt. (Am ganze mat 3 Wikilinken) An aneren Artikelen de Jang den Deefer, (mat 5 Wikilinken) an nach aneren de Johannes den Deefer (Mat zwéi Wikilinken).

Oder ass hei den Apostel Johannes gemengt? (2 Wikilinken)

Watereen hale mer? Les Meloures 22:26, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


=========================[Quelltext änneren]

Ass ausser Gesabbels a Gestëppels nach eppes anescht dran?[Quelltext änneren]

Ass et iergendwéi méiglech, mol en Text ze schreiwen ouni datt d'Héngerdéif iwwer dem Schantje kreesen? Hal deng topeg an iwwerflësseg Kommentaren fir dech a schreif léiwer un neien Artikelen, wann s de dech net méi packs. Et geet hei net duer nëmmen drop ze waarden, datt ee sech verschreift, fir deem eng laang Nues ze maachen. Dat hei si keng Schablounen, déi zesummegeraaspelt ginn, fir Statistiken ze friséieren. Wann näischt anescht méi ze méckepéilen ass, da streik léiwer weider amplaz déi, déi nach Loscht hunn, eppes ze schreiwen weider z'emmerdéieren! Et sinn der scho genuch hirer Wee gaangen. Fro se mol, wéinst wiem dat war! Lo geet mär dat Kregéils sou lues duer! --Cornischong 22:35, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Fir wat reegs du dech esou op.

A firwat stells du mech un Artikelen ze schreiwen. Hunn ech der nach net genuch geschriwwen. Wanns de granzeg bass da loss dat net hei un de Mataarbechter aus.

Ass déi Fro mat dem Johanness net berechtegt.

Oder ass et wells de op all meng aner Froen nach net geäntwert hues an op anere Leit hir och net, du awer ëmmer wanns de net an zwou Minutte eng Äntwert kriss direkt bësseg Rappelen eraus schéckst.

Mär geet et och elo sou lues duer. An hal deng Bemierkungen iwwer d'Schablounegeraspels fir dech. Du brauchs et jo net ze maachen. Da looss wéinstens déi Leit déi déi Hannergrondaarbecht mat den Iwwersetzungen an den Upassungen derzou maachen, einfach schaffen, an zéi déi Arbecht net an den Dréck, well déi muss och gemaach ginn fir datt déi lëtzbuergesch Wikipedia eng Kéier korrekt op lëtzebuergesch soll fonktionnéieren. Mee dat schéngt där jo egal ze sinn, wann ech dat richteg verstinn. Les Meloures 23:40, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Dann nach a propos Héngerdéif
Ech ka mech un en etlech Artikelen erënneren, bei deen de Les Meloures knapps afgespéichert hat, den Héngerdéif Cornischong direkt do war. Ech kann der d'Artikelen eraussiche wanns de wëllst. An dat net nëmme bei mengen Artikelen. Komm mer also net mat deenen Tricken déis du de Maataarbechter hei selwer virgemaach hues, an déi et vläicht ze gutt geléiert hunn. Les Meloures 23:54, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wann d'Ausso "... ass dem Apostel geweit, deem säi Fest op den 3. Juli fält" richteg ass, da kann et sech nëmmen ëm den Apostel Thomas (deen Ongleewegen) handelen, well dat deen eenzegen Apostel ass deen den 3. Juli gefeiert gëtt. Kuckt hei --Pecalux 15:08, 8. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Réisseng ?[Quelltext änneren]

Am Text steet: "Riedgen war bis 1772 eng Annex vu Réisseng. Réisseng ass verlinkt op d'franséisch Uertschaft "Russange", déi ongeféier 25 Km vu Riedgen ewech läit. Ech bezweifelen dass et sech ëm dat richtegt Réisseng handelt. Grond: Wann ee vu Reckeng/Mess op Dippecher Gare fiert, da béit op der rietser Säit eng Stroos of, déi "rue de Russange" heescht. Do soll fréier eng Uertschaft "Réisseng" geleeën hunn, déi duerch eng Pescht-Epidemie ausgestuerwe wier. Ech huelen un dass dat dat Réisseng war, wou Riedgen, wat Loftlinn 3 Km ewechläit, derzou gehéiert huet. Weess vlàicht ee méi?? --Pecalux 17:17, 17. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat ass genau esou, wéis du sees. Nozeliesen am Bichelchen 250 Joer Bettenger Kierch.
  • 1339 goufen et Kierchen op der Mess Betteng Reckeng, Rüsseng am Éileng
1640/50 Duerch Pescht bleiwen nëmme méi 7 Haiser - ganz Réisseng veschwënnt.
Les Meloures 18:51, 17. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]