Diskussioun:Kapell Uewerdonwen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Conseil Provicial misst vläicht Conseil Provincial heeschen. Da misst een och nach wëssen op dee vum Québec oder dee vun der Provënz Namouer ass. Les Meloures 01:12, 30. Mäe 2008 (UTC)

Mer haten dës Verhalensweis mol schonns. Et kënnt mer net konstruktiv vir, fir anere Mataarbechter an d'Speis ze pissen, wann déi nach amgaange sinn, Zillen zesummenzedroe fir ze bauen. Et geet hei net ëm e Adoptéiere vun engem gekierzten Text aus enger anerer Wikipedia, mee ëm Donnéeën, déi zesummegekraazt musse ginn, well se net op all Stroosseneck ze fanne sinn. An deem Zesummenhank e Virschlag fir all déi, déi onbedéngt wëllen an deenen Artikelen matschaffen, déi "an der Maach" sinn: Léif Ärdeger: Sicht alt scho Material zesummen iwwer d'Kierch vun Nidderdonwen an déi vu Fluessweller, well do si mer nach aarm drun. D'Fotoe vun Nidderdonwen si scho gemaach; et feelt nach un Texter iwwer d'Geschicht vun der Kierch an der Par. Mat Beenhiewe goe komme mer do net weider. Da sinn ech emol gespaant. Och d'Originne vum hellege Gangolf sinn nach net komplett fräigeluecht. Dat wier och e gudden Training fir eis Kibitzen, lo wou de Chefkommentator a Pefferkärsponser seng Aktivitéiten op d'Keelebunn geplënnert huet. --Cornischong 08:40, 30. Mäe 2008 (UTC)
Jo mer haten dës Verhalensweis schonns e puer mol. Wann ee bei engem Artikel vum Cornischong eppes gefrot huet, da koum nodréiglech den {{EnCours}} dran, an déi déi eppes gefrot hate, goufen nach ugebaupst, awer eng korrekt Äntwert koum ni.
Wann den {{EnCours}}vun Ufank un dra gestanen hätt, wier keng Fro gestallt ginn.
Wann aner Leit e Komma vergiessen oder ee Punkt, da ginn déi vum Conischong mat grousse Kommentären iwwer de Sazbau vebessert. Wann hei eng einfach Fro gestallt gëtt mat engem Hiweis datt et gutt wier ze soe watere Conseil Provincial et wier, dann ass der Däiwel lass.
An dësem Artikel goufen iwwregens och Feeleren ouni Commentaire verbessert, esou ewéi kleng Schreifweis am Ufank vum Saz an anerer. Da just nach eepes. Ech hu meng Fro hei uewendriwwer direkt gestallt, well ech mer net well d'Méi maache fir eng Lëscht ze féieren, a water Artikelen ech e Feeler gemierkt hunn an net selwer verbessere konnt well ech net genee wousst ëm wat et sech dréint, oder léiwer keng Fro gestallt hunn fir datt den Artikelschreiwer, net soll mengen ech wéilt ëm an d'Speis pissen. Ech hu bis elo elo och nach op kenger anerer Wiki entdeckt dat esou eng Lëscht soll existéieren.

Wat ech awer festgestallt hunn, ass datt wann d'Boboen net direkt gefléckt ginn, da sti se jorelaang op der Wiki. An deem Sënn weider op eng gutt Zuesummenaarbecht. Les Meloures 10:16, 30. Mäe 2008 (UTC)