Diskussioun:Kata Tjuta

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn e Problem mat dësem Artikel: "Kata Tjuta gehéiere genau esou wéi den Uluru (Ayers Rock) zënter 1985 zum engem 1325 km2 grousse Nationalpark, ongeféier 450 km südwestlech vun Alice Springs am Northern Territory vun Australien. An dem Joer kruten d'Urawunner Anangu d'Gebiet och zeréck. D'Kata Tjuta Bierger sinn ongeféier 35 km2 grouss a bestinn aus ongeféier 36 Hiwwelen. Den héchsten ass 200 m méi héich wéi den Uluru, also ongeféier 548 m."
Däerf ech emol eng Saach no der Anerer "kritiséieren":

  • 1. Deen éischte Saz, deen allerhand laang ass, seet mer vill, awer e seet mer iwwerhaapt net, ëm wat et eigentlech geet. Dat heescht: E seet mer, datt "Kata Tjuta" zu engem Nationalpark gehéieren.
  • 2. Aus dem zweete Saz kéint een erausliesen, datt et "e Gebitt" ass. Wat an deem Saz "Anangu" bedeit, kann een net wëssen. Datt d'Urawunner d'Gebitt "zeréck" kruten ass rätselhaft, well wéi a wéini kruten se et da geklaut.
  • 3. An drëtte Saz gi mer gewuer, datt et Bierger sinn, déi "ongeféier" 35 km2 grouss sinn. Duerno liese mer datt déi Bierger aus Hiwwele bestinn, an zwar "ongeféier" 36. Wann et ëm Hiwwele geet, da misst ee wëssen wéivill et der sinn. Deen héchsten ass "200m méi héich wéi den Uluru"; dat seet mer net vill, well ech net weess, wéi héich deen ass. Eréischt da kréien ech gesot, wéivill Meter deen dann héich ass. Wéivill Meter en iwwer dem Mieresspiegel ass bleift awer "geheim". Wat ech awer net gesot kréien ass, datt deen en Numm huet, nämlech "Mount Olga". Wann ech dann nobliederen, da fannen ech, datt "Kata Tjuta" och "The Olgas" heescht. Wann ech mech froen, wouhir den Numm kënnt, kréien ech net gesot, dat deen Numm vun enger Kinnigin kënnt.
  • 4. Et wier gutt ze wëssen, wat dee spezielle Numm "Kata Tjuta" eigentlech heescht, a wou en hierkënnt.
  • 5. Bei Bierger wier et gutt ze wëssen, aus wat se bestinn, a wéi se sech entwéckelt hunn. An d¨sem Fall weess ech gär, ob se aus deem selwechte "Material" sinn wéi den Ayers Rock, dee jo net wäit (wéi wäit?) vun den Olga-Bierger ewech ass.
  • 6. Well bei villen Naturvëlker d'Bierger eng gréisser religiéis Roll spillen, freet ee sech, op dat ehi och de Fall kéint sinn.
  • 7. Et geet rieds vun "engem" Nationalpark; mee wéi heescht dee Park?

Sou, lo halen ech mol op mat mengem "Gemeckers". Dat Ganzt sollt och nëmme net béis geduecht sinn. Et sollt en Ustouss ginn, wéi een déi Virwëtzeg befriddeche kéint. Et bleift also nach e bëssen ze feilen. Merci am Viraus. --Cornischong 11:21, 4 Jan 2005 (UTC)