Diskussioun:Kisch (Insel)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei geet et ëm eng iranesch Insel, déi jo just a Vakanzprospekter "Kish Island" heescht. D'Preisen hunn dat mol einfach vun de Prospekter geholl. D'"Englänner" ware méi pipech, a si ganz anescht dru gaang (well et och eng Stad ass, soen déi). Ouni lo wëlle Gedeessems ze maachen: Wéi wëlle mer esou "Déngen" vu elo un nennen. Kish-Insel; Kish (Insel) oder Kish (Iran). (Déi drëtt fannen ech net gutt, well dat féiert an anere Fäll zu Zänngekréckels). --Cornischong 12:00, 2 Mee 2005 (UTC)

Kish (Insel) ass dann effektiv nach am logeschsten. Et gëtt nämlech och nach "Kish (Stad Mesopotamien)" a "Kish (Bibel)". --Otets 12:47, 2 Mee 2005 (UTC)

So, misst et dann net "Kisch" sinn? --Otets 12:58, 2 Mee 2005 (UTC)