Diskussioun:Klëppelkrich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wéi d'Fransouse knapps hir Revolutioun hannert sech haten -> d'Revolutioun ass 1798 nach net eriwwer :-) Déi ass, je no Historiker 1799 mam Ufank vum Consulat eriwwer, oder 1804 mam Ufank vum Premier Empire. Kann een dee Saz bëssen anescht dréinen ? :-) --Briséisβρισεισ 08:31, 7 Mee 2005 (UTC)

Moien,
Am Artikel ass e Bild vum Monument bei der Abtei zu Klierf. Dann ass en zweet Bild do mat der Explikatioun Detail vum Monument zu Klierf. Ass déi Plack op deem Monument bei der Abtei, op där Säit déi en net gesäit, oder gëtt et nach e Monument zu Klierf.
Den däitschen Artikel behaapt et géif och e Monument iwwer de Klëppelkrich an der Stad. Wees ee wou dat verstoppt ass? --Les Meloures 15:13, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Salut, d'Monument steet, e bëssi verstoppt, op der Kräizung vun der Faïenceriestrooss mat der Allée des résistants et des déportés, op der Plaz wou eng Rëtsch Klëppelkriger erschoss goufen. Dëser Deeg lueden ech eng Foto dervun erop. Cf den Artikel Klëppelkrich, La guerre des gourdins, am Buch Lieux de mémoire au Luxembourg, S. 144. --Cayambe 17:32, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Merci --Les Meloures 17:40, 21. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Jo un der Kierfechtsmauer, wann ech et gutt gesinn. Sengerzäit eng Initiative vum François Mersch fir ze weisen datt d'Fransousen och net besser wéi d'Preise waren. --Jwh 07:16, 22. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Dat war léif gemengt. Trotz senge Schrullegkeeten hat ech en ëmmer gär. --Jwh 07:39, 22. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Zu Diddeleng[Quelltext änneren]

Salut, hei steet:

  • Zu Klierf, e Monument a Form vun engem Justizkräiz. Et erënnert a senger Form un dat vun Diddeleng (cf. hei drënner).

...Diddeleng, cf hei drënner fannen ech net am Text. Oder iwwersinn ech do eppes? --Cayambe 11:09, 21. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, lo ass se derbäi. Schéinen Dag nach --Jwh 12:31, 21. Mee 2011 (UTC)[äntweren]
Hunn dat am Text g'ännert. Dat Diddelenger huet näischt man Klëppelkrich ze dinn. --Les Meloures 13:32, 21. Mee 2011 (UTC)[äntweren]