Diskussioun:Krichsschëff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wollt emol d'Logik hannert mengen rezenten Editen erklären.

1) Misst een e standard Datum System adopteieren. Bis elo hu verschidde Schëffer ënnert hierem Bestelldatum, aanerer ënnert dem Stapelaaf, aaner ennert Kommissioneierung etc. gestaan. Ech probéiere wou daat relativ einfach ass dest ob nëmmen d'Kommissioneierung ze limiteieren.

2) Bei de Flugzeugträger (oder wei de Lex Rodt soot, Fligermammeschëffer) hunn d'Pioneier gefehlt, ouni Furious, Argus an Hosho wier et këng Flugzeugträger ginn. Aaner wischteg Flugzeugtrâger hunn ech beigesaat (ech wanken nach bei dem Vindictive (och e pioneier aus dem 1. Weltkrig) and dem Unicorn. Zumols bei den Amerikaneschen Essexe gëtt daat eng laang Lëscht. Lo wou ech dest schreiwe fellt mer ann dass eng ganz Japanesch Klass fehlt, dei setzen ech da muer nach bei, vilaicht och nach d'Chtose a Chiyoda dei weint hierer Konversioun interessant sinn. Ech hunn d'Amerikanesch a Brittesch licht Flottendreier Klassen (Independence, Colossus, Majestic etc.) rausgeloos, nëmme wëll et einfach ze laang géif (woubei jo grad dee lëschten US Fligerdreier dee versenkt gouf zu deem Grupp geheriert). Vilaicht sollt een e separaten Artikel fier Fligerdreier an den I. an II. Weltkriger uleen. Iwregens hunn ech och nach d'Midway Klass obgezielt well se direkt nom Krich an den Dëngst koumen a vu Bedeidung waren (d'Pappen oder Mame vun de moderne Fligerdreier).

3) D'Schluechtschëffer, an den nächsten Deeg wäert ech do massiv ausbauen, warscheinlech vum Dreadnaught bis zum Valiant, do wieren dann natierlech och d'Schluechtkreizer derbai.

4) Kraizer, mer hun do nach baal këng. Do wäert ech dann och kucken dei representativ Klassen aus den I. an II. Weltkriger beizesäetzen. Vilaicht wier daat och d'Leisung mat der Plaz, just Klassen obzielen (mat Zuel vun de Schëffer an teschend weini a weini se Komissioneiert goufen).

5) Zersteierer an Ubooter reieren ech nët unn, einfach zevill, an da misst een och'd Fregate a Sloopen (beidkeieren modern Bedeidung) obzielen.

6) Ka vilaicht nach e puer interessant Linieschëffer (Santissima Trinidad z.b.) a Fregaten ënnert den historeschen Krichschëffer obzielen. Mee do miest ech warscheinlech rechercheieren an dofier hunn ech këng Zait.

--Caranorn 12:58, 14. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech waar grad amgang d'Schluechtschëff Lëscht auszebaue wéi mër obgefall ass dass mëng inklusiouns Kritere problematësch sinn. Ech wollt als eischt nëmme wichteg Schëffer obzielen. Aawer och ëmmer komplette Klassen (also ee wichtegt Schëff dann all Schëff vun der Klass). Du hunn ech dann d'Franséich an Italieenesch pre-2. Weltkrig Schëffer dei du nach am Dëgnscht ware einfach fortgeloos (dei Italieenesch hunn zwar eng Roll gespillt). Wéi ech du bei dei Japanësch kum wollt ech all déi obziele (wëll se all ausser vilaicht ëngem gekämpft hunn). Hätt ech daat gemaat da géif et ausgesinn wéi wa Japan, England an'd USA (wëll bei deenen hätt ech se och all obgezielt) den Italieener a Fransouse vill mei wait iwerlee ware wei a wierklechkeet... Ech mënge wierklech dei Lëschte misst een auslinken an obdeelen an ...schëffer am 1. Weltkrig a ...schëffer am 2. Weltkrig. Do aawer da weiderhinn e gesammt Iwerblëck behaalen (ech mëngen et as héi kee gëckeg genuch fier 200 Schëffer hieren eegenen Artikel ze schreiwen) also musse relevant Informatiounen (z.b. Westerplatte Bombardement duercht Schleswig-Holstein) an'd Lëscht an d'Schëffer vun enger Natioun niewend deene vun deenen aaneren. Ech kucke mol muer nach eng Kéier der duerch, wier gudd wann ech e puer Wuert Feedback kréie kënnt.
Artikelen déi ech ulee géif wieren: Schluechtschëffer a Schluechtkräizer am 1. Weltkrich, Schluechtschëffer am 2. Weltkrich, Kräizer am 1. Weltkrich, Kräizer am 2. Weltkrich a Fligerdréier am 2. Weltkrich. Weigesoot, mei klënges wëll ech nët ureiren, hunn zwaar all d'Material mee daat wier einfach gëckech. D'Artikele kéint een deels Text, deels Lëscht maan. Daat heescht kuerz erkläre waat d'Roll vun deene Schëffstypen an deem Konflikt waar, e puer relevant Schluechten obzielen, kuerz Statistiken (Zuele verglaich an Tonnage verglaich (wann ech dei hunn) tëschend de verschiddenen Natiounen) an dann d'Lëscht.--Caranorn 11:47, 16. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien,
Déi Opdeelung déi s de do proposéierst gesäit sech net schlecht unn. Fuer emol roueg duer. Les Meloures 12:10, 16. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]