Diskussioun:Krim

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat huet d'Parlament vun der Krim d'Onofhängegkeet vun der Ukrain erkläert. ?? -- 80.200.206.248, 11. Mäe. 2014 17:44

Du stells awer och Froen. Dat muss de di 78 Deputéiert froen di dofir gestëmmt hunn. De SPON mengt, "de Schratt soll di rechtlech Grondlag fir e Bäitrëtt zu Russland als onofhängege Staat nom Referendum vum Sonnde schafen". --Otets 19:15, 11. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Firwat huet d'Parlament vun der Krim d'Onofhängegkeet vun der Ukrain erkläert. Ech het geduecht d'Parlament vun der Ukrain hätt d'Onofhängegkeet vun der Ukrain schonn eng Kéier erkläert. Firwat mussen déi vun der Krim dat dann nach eng Kéier maachen. ??

Ah, do läit d'Mëssverständnes. De 16. Juli 1990 huet d'Parlament vun der ukrainescher Sowjetrepublik eng Deklaratioun iwwer déi politesch Eegestännegkeet vun der Ukrain gestëmmt, an dunn huet de 24. August 1991 d'Ukrain sech onofhängeg vun der Sowjetunioun erkläert. Elo ass et awer esou datt d'Parlament vun der Autonomer Republik Krim den 11. Mäerz d'Krim onofhängeg vun der Ukrain erkläert huet. Obwuel meng vireg Schreifweis am Original op der de-wiki keng Versteestemechproblemer mat sech bruet huet, änneren ech et dann hei fir datt et méi prezis ass. --Otets 16:42, 13. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Leider ass et esou datt e Sazbau deen am Däitsche kloer ass, am Lëtzebuergeschen Zweedeitegkeeten zouléisst. Näischt fir ongutt. --80.200.206.248