Diskussioun:Kropemann
Ausgesinn
Onferständlech geschriwwen?
[Quelltext änneren]"Pëtzen der kënne" waat soll daat dann heeschen? Ech hun e puer Léit daat gewiesen, mais et huet keen et esou wéi et do steet verstaanen. Wir flott eng Äntwert ze kréien, daat geng mech schon interesséieren. Romain.
- Moie Romain,
- Wat ass dann do net ze verstoen? Schwätzen déi Leit vläicht kee Lëtzebuergesch doheem? Et kéint een natierlech och där amplaz vun der schreiwen. Mee dat muss net sinn.
- Am Saz steet:
- fir de Kanner Angscht viru potentielle Geforen, wéi net protegéiert Weieren, Waasserleef oder Pëtzen der kënne sinn,
- An dem der ass de Sous-entendu, wéi Pëtzen där Gofore kënne sinn, dran. Den där Geforen gëtt duerch den der ersat, fir eng Widerhuelung z'evitéieren, a well kee Wäert op eng Betounung geluecht gëtt. Soss géif den där gebraucht ginn.
- Wat net richteg um Saz ass, dat ass d'Méizuel vu Pëtz. Déi ass Pëtzer amplaz Pëtzen.
- Dat gouf verbessert.
- Soss merci fir d'Opmierksamkeet an datt Dir Iech fir d'Wikipedia intresséiert, an nach e schéine Sonnde gewënscht.