Diskussioun:Lëscht vu Brauereien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

U sech hat ech gemengt, fir (Brauerei) tëscht Klameren derbäizesetzen, wann dat Wuert net souwisou schonn am Numm ass. Dat sollt verhënneren, datt een net méi feststelle kann, wéi de richtegen Numm dann ass, op mat oder ouni "Brauerei". --Otets 08:31, 2 Mee 2005 (UTC)

Dat war och meng éischt Iddi. Mee den norwegesche Fall kritt een domat net gutt an de Grëff (et schéngt wéi wa Bryggerie kéint Brauerei heeschen). Dat ass zwar nach net op Kisuaheli, mee déi japanesch dierften scho komplizéiert genuch ginn. D'Briséis hat virgeschloen, hanner all Numm Brauerei ze setzen, streng geholl geet dat guer net. Souwisou trauen ech deene Lëschten net fir fënnef Cent. Wann ech domat weiderfuere sollt, kucken ech souwisou all eenzele Numm no. Bei Locher stoung schonns "egal wat" als Numm do. Alles an Allem kënnt et mer vir (!), dat Bescht wier, hanner all (!) offizielle Numm " (Brauerei) " ze setzen. Dann hätt een e fixe System, an d'Brauereien sinn direkt z'erkennen. Dat Getriwwels haten eis Transmoselaner jo lo mat dem neie Poopst. Do si jo zwee verschidden Artikelen, deen ee mat (Papst) hannendrun an deen aneren ouni, eng Zäitchen niewentenee getrëppelt. --Cornischong 09:06, 2 Mee 2005 (UTC)

Jo da mach et esou, setz hanner all offiziellen Numm "(Brauerei)". An dann nach fir all Brauerei eng Homonymiesäit respektiv e Redirect (well wee geet da schonns "Albani (Brauerei)" antippen).
Elo eng aner Fro: firwat si mer grad mat de preisesche Brauereien amgaang, wa mer an eiser Lëscht net emol déi lëtzebuergesch opgelëscht hunn? --Otets 09:21, 2 Mee 2005 (UTC)

"Mer" sinn net "grad mat de preisesche Brauereien amgaang". "Mer" sinn emol net mat enger eenzeger preisescher Brauerei amgaang! - "net emol déi lëtzebuergesch opgelëscht hunn": Wann dat sollt eng Kritik un deene sinn, déi nach net un dësem Artikel (oder um "Lëtzebuerger Béier") geschafft hunn, da fannen ech et e bësse streng. --Cornischong 09:49, 2 Mee 2005 (UTC)

Ok, et war eng dänesch, sorry. Fir de Rescht: ech hunn zu deem Thema net vill Ahnung, dofir wollt ech deenen, déi do besser Bescheed wëssen, e klengen Ureiz ginn. Elo hunn ech selwer eppes dohinnergesat, mee op dat elo komplett a richteg ass, do hunn ech wéi gesot keng Ahnung. Heescht "Simon Pils vu Woltz" elo "Brasserie Simon" oder "Brasserie de Wiltz" oder "Simons Brauerei" oder... --Otets 10:13, 2 Mee 2005 (UTC)

Déi Brauerei vu Wolz heescht (wéi et an eisem Artikel "Lëtzebuerger Béier" steet; mat Link op d'Websäit vun der Brauerei) "Brasserie Simon". An dobäi hunn ech guer näischt iwwer d'Gruber Brauerei vu Wolz. Ech hunn en Foto gemaach vun engem Wolzer Gebai, vun deem Ee mer gesot hat, do wier fréeir eng Brauerei dra gewiescht (wat fir eng wousst en net). Et huet een am beschten, déi richteg Nimm vun de Websäiten ze huelen, well besonnesch d'Nimm vun de Brauereien hei am Land si guer net sou "ohne". Ech weess nach ëmmer net, wéi d' "Escher Brauerei" geheesch huet: "Escher Brauerei" "Buchholtz Brauerei", Brasserie Buchholtz" oder "Brasserie d'Esch". Déi ganz Lëscht ass an deem Sënn nach allerhand provisoresch. --Cornischong 11:43, 2 Mee 2005 (UTC)

Op Grond vu wat gouf den Numm vun der Simon g'ännert? --Cornischong 11:47, 2 Mee 2005 (UTC)

Ech weess, datt op der Websäit grouss "Brasserie Simon" steet. Mee ënnert "Contact" steet do "Brasserie de Wiltz". Ech hu mech un de Gesellschaftsnumm gehalen, deen den RCS mer als "Brasserie DE WILTZ anciennement Brasserie Jules Simon Secs" uginn huet. Mee ech hunn elo grad de MESOC consultéiert, an do steet "BRASSERIE JULES SIMON ET CIE, S.E.C.S.(ANC. BRASSERIE DE WILTZ)". Ech mengen, ech hale mech besser vun deem Thema ewech, do gëtt ee soss nach schaus. --Otets 12:34, 2 Mee 2005 (UTC)