Diskussioun:Lëscht vu Sportlerinnen
Sujet derbäisetzenKommen hei just Sportlerinnen dran déi e Weltmeeschtertitel hunn? --Alexandra 06:43, 7 Abr 2005 (UTC)
Neen, soss géif den Artikel anescht heeschen. --Cornischong 07:11, 7 Abr 2005 (UTC)
Wann een dem Briséis seng Definitioun fir d'Sportler gebraucht, da mussen och d'Sportlerinnen op d'manst an hirer Sportaart relativ bekannt sinn, fir an dës Lëscht ze kommen. --Otets 10:29, 7 Abr 2005 (UTC)
Mam Bekanntheetsgrad mengen ech an deem Sënn (bon ech huele lo mol eng Sportart wou ech soss mol ëmmer Leit kannt hunn) datt zB fir Tennisspillerinnen hei Plaz fir Graf, Navratilova, Seles a Co. ass, d'Ketty Schmitt vun Hannerknapphouschent natierlech net heihinner gehéiert :-) --Briséis → βρισεισ 14:26, 7 Abr 2005 (UTC)
Eng Diskussioun ufänken iwwer Lëscht vu Sportlerinnen
Op Diskussiounssäiten diskutéiere Leit wéi se den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech gestalte kënnen. Dir kënnt dës Säit benotze fir eng Diskussioun mat Aneren unzefänken wéi een Lëscht vu Sportlerinnen verbessere kann.